Agenda

13/11/26
CSF Schëffleng

CSF Racletten-Owend

19:00 - 22:00
Am Veräinshaus, rue de la Fôret
25/11/26
CSV

MËNSCH & KI. WAT KËNNT OP EIS DUER?

18:30 - 21:00
L'Ariston

Wat musse mir elo konkret maachen? Nom Bléck op d’Technologie, déi ethesch Froen an Europa gëtt et konkret: Wat bedeit KI fir Lëtzebuerg?

Wéi kënne Betriber a PME vun der KI profitéieren? Wéi verännert sech eis Aarbechtswelt? Wéi eng Kompetenze brauche mir muer? A wéi kënnen de Staat, d’Fuerschung an d’Wirtschaft KI verantwortungsvoll an effizient asetzen? 

Den Ofschloss vun der Serie kuckt op déi national KI-Strategie, d’Wirtschaft, Aarbechtsplazen, Formatioun, Fuerschung, Infrastruktur an den ëffentleche Secteur. 

D’Fro ass net méi nëmmen, wat KI kann, mee wéi eng Zukunft mir mat der KI zu Lëtzebuerg gestalte kënnen. 

Mat dem Elisabeth Margue, Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit.

Méi Informatiounen op https://csv.lu/ki

Adress

9, Rue Pierre Claude
4063 Esch-Uelzecht
Luxembourg

28/11/26
CSF Schëffleng

CSF Ausfluch, Busrees op de Chrëschtmoart op Metz

Op de Chrëschtmoart op Metz
05/12/26
CSV Esch-Uelzecht

Stand vun der CSV Esch - Saint Nicolas

14:00 - 16:00
Esch-sur-Alzette
Adress

27, Rue de l'Alzette
4011 Esch-sur-Alzette
Luxembourg

10/12/26
CSJ Zentrum, CSV Bartreng

After Work 80/90s

17:00 - 23:00
Bartreng beim Chalet

🎶🪩 AFTER WORK – 80s & 90s MUSIC! 🕺💃
Loscht op e flotten Owend mat de beschten Hits aus den 80er an 90er Joren? 🎉
Da kommt laanscht a feiert mat eis am Chalet zu Bartreng!
🎧 DJ OLI suergt fir déi richteg Stëmmung mat de legendären Hits aus zwou onvergiessleche Museksdekaden!
Ob Pop, Rock, Disco oder déi grouss Partyklassiker – hei ass fir jiddereen eppes dobäi! 🎵
📅 Donneschdeg, 10. Dezember 2026
🕔 Vu 17:00 bis 23:00 Auer
📍 Am Chalet op der Duerffestplaz zu Bartreng
🎟️ Entrée gratis!
🍷 A fir datt d’Stëmmung och bei kalen Temperaturen waarm bleift, steet e gudde Glühwäin fir just 3 € fir iech prett!
🥂 Fir aner Gedrénks an eng gemittlech Atmosphär ass natierlech och gesuergt!

Kommt nom Schaffen op e Patt laanscht, trefft Frënn a Bekannter, genéisst gutt Musek a loosst zesumme mat eis déi gutt al 80er an 90er Joren nees opliewen! 🥳

👉 Jiddereen ass häerzlech wëllkomm!

Mir freeën eis op iech! 🎉

Organisatioun: CSJ Zentrum | CSV Bartreng

Dokumenter
Document
soiree_80-90.pdf (66.34 KB)
08/01/27
CSV Stengefort

Generalversammlung CSV Stengefort

19:00 - 20:00
Centre Culturel "Al Schmelz"

D'Generalversammlung fënnt den 8. Januar um 19:00 Auer am Centre culturel "Al Schmelz" zu Stengefort statt. Duerno ass den Neijoerschpatt um 20:00 Auer.

14/01/27
CSV Nidderaanwen

Neijoerschpatt

19:30 - 22:00
"A Schommesch" niewent der Gemeng
15/03/27
CSV Nidderaanwen

Generalversammlung

19:00 - 21:00
"A Schommesch" niewent der Gemeng
Wann Dir dëse Kalenner wëllt abonéieren, da kënnt Dir dës Adress an Äre Kalenner kopéieren:
https://csv.lu/lb/agenda/ical