Agenda

24/10/26
CSV Dippech, Reckeng-Leideleng

Quiz Owend

19:00 - 22:00
Centre de rencontre "Um Buer"
Documents
Document
Quiz-Owend.pdf (954.83 KB)
Adress

2, rue de Roedgen
3961 Ehlange-sur-Mess
Luxembourg

25/10/26
CSV Käerjeng - Déifferdeng - Péiteng - Suessem

Musik Quiz

11:30 - 15:30
Am Käerjenger Treff
Musik Quiz
26/10/26
CSF Süden

Table Ronde: D'Reegel mat all senge Konsequenzen däerf keen Tabu méi sinn

19:30 - 21:30
Centre Culturel *Beim Nëssert"
Documents
Document
Adress

14, rue de Schifflange
3316 Bergem
Luxembourg

28/10/26
CSV

MËNSCH & KI. WAT KËNNT OP EIS DUER?

18:30 - 21:00
Centre culturel Hennesbau

Wéi mir d’Mënschlechkeet erhalen a stäerken. 

Wat dierfe mir de Maschinnen iwwerloossen? Wéi eng Decisioune musse beim Mënsch bleiwen? No wat sollen sech esouwuel d’Maschinnen ewéi och d’Mënsche riichten? 

Mat der "Magnifica humanitas“ huet de Poopst Leo XIV. seng éischt Enzyklika fir d’Erhale vum Mënsch am Zäitalter vun der Kënschtlecher Intelligenz erausbruecht. Säi Message: Technik ass net neutral. Si ka Gerechtegkeet fërderen oder Ausgrenzung verstäerken, a se däerf de Mënsch ni beherrschen. 

Dëse Froe gi mir, op Basis vun eise chrëschtlech-soziale Grondwäerter an och mat Bléck op d’Enzyklika, no. 

Mat dem Dr. Marco Schrage, Gaaschtprofesser un der Accademia Alfonsiana zu Roum

Méi Informatiounen op https://csv.lu/ki

Adress

15C Rue de Fail
9175 Nidderfeelen
Luxembourg

10/11/26
CSV Lorentzweiler

Resilienz = Liewensmëttelproduktioun zu Lëtzebuerg ze erhalen !

19:30 - 21:30
Foyer St Laurent
Documents
Document
11/11/26
CSV

MËNSCH & KI. WAT KËNNT OP EIS DUER?

18:30 - 21:00
Ciné Utopia

Wou steet Europa vis-à-vis vun den USA a China? 

Kënschtlech Intelligenz ass net nëmmen eng technologesch Entwécklung. Si ass och zu enger wirtschaftlecher a strategescher Fro ginn. D’USA a China investéiere massiv an nei KI-Modeller, Chips, Daten a Recheninfrastruktur. 

Europa wëll innovativ a kompetitiv bleiwen an dobäi seng eegen Interessen a Reegelen assuréieren. Wou steet Europa haut? Wéi ofhängeg si mir vun Technologien aus anere Weltregiounen? A wéi kënne mir technologesch handlungsfäeg bleiwen?

En Owend iwwer Innovatioun, Kompetitivitéit, Regulatioun an d’Plaz vun Europa an enger Welt, déi ëmmer méi vu KI geprägt gëtt. 

Mat dem Viviane Reding, fréier EU-Kommissärin a Presidentin vum TechEU Advisory Council vun der Europäescher Zentralbank

Méi Informatiounen op https://csv.lu/ki

Adress

16, Av. De la Faiencerie
1510 Lëtzebuerg
Luxembourg

13/11/26
CSF Schëffleng

CSF Racletten-Owend

19:00 - 22:00
Am Veräinshaus, rue de la Fôret
25/11/26
CSV

MËNSCH & KI. WAT KËNNT OP EIS DUER?

18:30 - 21:00
L'Ariston

Wat musse mir elo konkret maachen? Nom Bléck op d’Technologie, déi ethesch Froen an Europa gëtt et konkret: Wat bedeit KI fir Lëtzebuerg?

Wéi kënne Betriber a PME vun der KI profitéieren? Wéi verännert sech eis Aarbechtswelt? Wéi eng Kompetenze brauche mir muer? A wéi kënnen de Staat, d’Fuerschung an d’Wirtschaft KI verantwortungsvoll an effizient asetzen? 

Den Ofschloss vun der Serie kuckt op déi national KI-Strategie, d’Wirtschaft, Aarbechtsplazen, Formatioun, Fuerschung, Infrastruktur an den ëffentleche Secteur. 

D’Fro ass net méi nëmmen, wat KI kann, mee wéi eng Zukunft mir mat der KI zu Lëtzebuerg gestalte kënnen. 

Mat dem Elisabeth Margue, Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit.

Méi Informatiounen op https://csv.lu/ki

Adress

9, Rue Pierre Claude
4063 Esch-Uelzecht
Luxembourg

28/11/26
CSF Schëffleng

CSF Ausfluch, Busrees op de Chrëschtmoart op Metz

Op de Chrëschtmoart op Metz
05/12/26
CSV Esch-Uelzecht

Stand vun der CSV Esch - Saint Nicolas

14:00 - 16:00
Esch-sur-Alzette
Adress

27, Rue de l'Alzette
4011 Esch-sur-Alzette
Luxembourg

14/01/27
CSV Nidderaanwen

Neijoerschpatt

19:30 - 22:00
"A Schommesch" niewent der Gemeng
15/03/27
CSV Nidderaanwen

Generalversammlung

19:00 - 21:00
"A Schommesch" niewent der Gemeng
If you want to subscribe to this calendar, you can copy this address into your calendar:
https://csv.lu/en/agenda/ical