Léif Frënn,
et ass mir eng grouss Freed iech matzedeelen, datt ech haut am Numm vun der Regierung den Accord vun der Tripartite mat de Sozialpartner ënnerschreiwe konnt.
Dësen Accord weist, datt Lëtzebuerg staark ass, wa mir all zesumme stinn. D’Regierung setzt domat e kloert Zeechen, fir wichteg Sujeten am Dialog unzegoen.
De Fokus vun dëser Tripartite louch op der internationaler Energiekris an hiren ekonomeschen a soziale Konsequenze fir Lëtzebuerg, ausgeléist duerch de Krich am Iran an d’Blockade vun der wichteger Mieresstrooss vun Hormuz.
Getrei eise Wäerter, datt Jidder eenzelen zielt, ass e wichtege Resilienzpak ausgeschafft ginn deen d’Kafkraaft vun alle Bierger stäerkt, eis Ekonomie schützt an d’Transitioun op erneierbar Energien fërdert. Domat dréit dëse Pak eng kloer Handschrëft vun der CSV.
D’Ziler si kloer:
D’Inflatioun bremsen an d’Kafkraaft erhalen
Dëst duerch en temporäre Steierkredit fir jiddereen, réckwierkend op den 1. Juni. Domat ginn elo schonn d’Ekonomie an d’Revenue stabiliséiert.
Fir deene Schwächsten an eiser Gesellschaft ënnert d’Äerm ze gräifen, kréien d’Mindestlounempfänger um Enn vum Mount 200 € méi netto. Dëst duerch eng strukturell Erhéijung vun 105 € an enger Erhéijung duerch e Steierkredit vun 98 €, en éischten Deel schonn am Januar 2027, deen aneren am Juli 2027. De Mindestloun bleift och weiderhi steierfräi - eng sozial Mesure, déi dës Regierung agefouert huet.
D’Ekonomie an Aarbechtsplaze schützen
Eng Wirtschaft ka just stabil sinn, wann et de Bierger ewéi och den Entreprisen an dëser gutt geet. All déi Entreprisen a Secteuren déi besonnesch vun dëser Kris betraff sinn, notamment d'Landwirtschaft an d'Logistik, wäerten dofir mat dësem Resilienzpak staatlech cibléiert Hëllefe kréien.
D’Transitioun op erneierbar Energië fërderen
Mir wëllen zu Lëtzebuerg weider Efforte maache bei der Transitioun op erneierbar Energien. Sou si mer manner ofhängeg vun der fossiller Energie a manner betraff, wann z.B. wichteg Passagë wéi d’Strooss vun Hormuz blockéiert sinn. Eng wichteg Mesure ass dofir ënnert anerem, datt déi staatlech Hëllefe fir d’Wärmepompelen temporär ëm zousätzlech 2 000 € erop ginn.
Bei dësem Accord geet et drëms eis Bierger hei am Land ze schützen, hir Kafkraaft ze stäerken, d’ekonomesch Aktivitéit ze erhalen a Lëtzebuerg méi resilient vis à vis vun externe Krisen ze maachen.
Dat ass eis Politik. Dat sinn eis Iwwerzeegungen. An dofir sti mir als CSV an der Regierung.
Luc Frieden