Mir invitéieren Iech an d’Chamber a bei eis an d’Fraktioun.
Mir maachen Iech, Ärer Sektioun, Ärem Veräin d’Diere vum Haus vun der Demokratie op.
Entdeckt net nëmmen d’Gebai an d’Geschicht vun der Chamber, mee loosst Iech och de Fonctionnement erklären a stellt all déi Froen, déi der schonn ëmmer stelle wollt.
Dir wëllt mat den Deputéierten iwwert d'Aktualitéit diskutéieren? Mir si fir Iech do. Kontaktéiert eis fir eng Visitt a kommt eis besichen.