Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet weider ze leeden.
Säit dem 1. Abrëll 2026 hu Fraen tëscht 45 a 65 Joer a Frankräich d’Méiglechkeet, eng präventiv Consultatioun iwwert d’Menopause bei engem Dokter unzefroen. Dës Consultatioun ziilt dorop, ee preventive Gesondheetsbilan opzestellen an op gesondheetlech Risiken ewéi Kriibs, Osteoporos a kardiovaskuläre Risiken anzegoen. Si gëtt zu 100 Prozent vun der franséischer Gesondheetskees iwwerholl.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet stellen:
Gedenkt d’Madame Ministesch, eng präventiv a gratis Consultatioun am Kader vun der Menopause och zu Lëtzebuerg unzebidden?
Falls jo, a wéi engem Zäitraum sollt dës agefouert ginn?
Wéi eng präventiv Mesure fir d’Verbesserung vun der Gesondheet vun de Fraen ginn nach ugeduecht?
Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nathalie Morgenthaler
Deputéiert