Wéini kënnt eng gratis präventiv Menopause-Consultatioun och zu Lëtzebuerg?

Nathalie MORGENTHALER

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet weider ze leeden.

Säit dem 1. Abrëll 2026 hu Fraen tëscht 45 a 65 Joer a Frankräich d’Méiglechkeet, eng präventiv Consultatioun iwwert d’Menopause bei engem Dokter unzefroen. Dës Consultatioun ziilt dorop, ee preventive Gesondheetsbilan opzestellen an op gesondheetlech Risiken ewéi Kriibs, Osteoporos a kardiovaskuläre Risiken anzegoen. Si gëtt zu 100 Prozent vun der franséischer Gesondheetskees iwwerholl. 

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet stellen:

  • Gedenkt d’Madame Ministesch, eng präventiv a gratis Consultatioun am Kader vun der Menopause och zu Lëtzebuerg unzebidden?

  • Falls jo, a wéi engem Zäitraum sollt dës agefouert ginn?

  • Wéi eng präventiv Mesure fir d’Verbesserung vun der Gesondheet vun de Fraen ginn nach ugeduecht?

Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nathalie Morgenthaler 

Deputéiert