Sollen d’Absencë vu Gemengerotsmembere méi streng gereegelt ginn?

Nathalie MORGENTHALER

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.

D’Mandat vun engem Gemengerotsmember ass net nëmmen en Titel, mä eng konkret demokratesch Verantwortung vis-à-vis vun de Bierger·innen. Wee gewielt gëtt, kritt d’Vertraue vun de Wieler·innen, fir si am Gemengerot ze vertrieden, un den Debatten deelzehuelen an un den Decisiounen aktiv matzewierken. Grad um kommunalen Niveau, wou vill Entscheedungen den Alldag vun de Leit direkt beaflossen, däerf dës Verantwortung net op e reng formellt Mandat reduzéiert ginn. Ëmsou méi schwiereg ass et, dass dat aktuellt Gemengegesetz zwuar verschidde Modalitéite ronderëm Deliberatiounen a Procuratioune reegelt, awer op den éischte Bléck keng kloer Konsequenze virgesäit, wann e Member (m/w/d) iwwer eng laang Zäit oder esouguer iwwer déi ganz Mandatsperiod bei de Sëtzunge feelt, ouni valabel Excuse. Dat ass net nëmmen eng juristesch Onkloerheet, mä virun allem eng politesch a demokratesch Fro, well et de Kär vun der Verantwortung an der Vertriedung um kommunalen Niveau betrëfft.

Dowéinst wéilt ech follgend Froen un den Här Inneminister stellen :

  • Ass et richteg, datt d'Loi communale modifiée du 13 décembre 1988 aktuell keng explizit Sanktioun virgesäit, wann e Member vum Gemengerot iwwer eng laang Dauer oder widerholl bei Gemengerotsëtzunge feelt, ouni eng valabel Excuse ze hunn?

  • Wéi bewäert den Här Minister dës Situatioun am Hibléck op de gudde Fonctionnement vun de Gemengen an op d’demokratesch Vertriedung vun de Wieler·innen?

  • Denkt den Här Minister driwwer no, d’Gemengegesetz unzepassen, fir eng gewësse Präsenzflicht fir Membere vum Gemengerot méi kloer z’encadréieren?

Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nathalie Morgenthaler 

Deputéiert