Inflatioun bremsen. Kafkraaft stäerken. Aarbechtsplaze schützen.

Mir wellen d'Inflatioun bremsen, d'Kafkraaft erhalen an eis Wirtschaft schützen. Dofir ginn d'Mesurë géint déi héich Energiepräisser verlängert, ouni d'Versuergungssecherheet an d'Klimaziler aus den Aen ze verléieren.
Luc Frieden

D'Regierung an d'Sozialpartner hunn en neien Accord fonnt, fir d'Leit an d'Betriber och 2027 bei den héijen Energiepräisser ze entlaaschten. Dat huet de Premierminister Luc Frieden en Donneschdeg no der Tripartite zu Senneng annoncéiert.

D'Hëllefe fir Stroum, Gas a Mazout ginn bis Enn 2027 verlängert. D'Reduktiounen op Bensinn an Diesel bleiwen nach bis Enn Februar bestoen. Dobäi behält d'Regierung och d'Versuergungssécherheet an d'Klimaziler am Aen.

Dës Mesurë bremsen d'Inflatioun, schützen d'Kafkraaft a ginn de Betriber déi néideg Stabilitéit a Planungssécherheet. Grad an enger onsécherer internationaler Situatioun ass dat wichteg.

Lëtzebuerg weist domat nees eng vu senge grousse Stäerkten: Am Dialog mat de Sozialpartner fanne mir gemeinsam Léisungen. Mat engem kloren Zil: d'Leit entlaaschten, eis Wirtschaft stäerken an den Zesummenhalt an eisem Land sécheren.

Neien Tripartite-Accord: D'Mesuren op ee Bléck

D'Regierung an d'Sozialpartner hu sech drop gëeenegt, d'Hëllefe géint déi héich Energiepräisser ze verlängeren.

  • Stroum: 4 Cent manner pro kWh – bis den 31. Dezember 2027.

  • Gas: 15 Cent manner pro m³ – bis den 31. Dezember 2027.

  • Mazout: 15 Cent manner pro Liter – bis den 31. Dezember 2027.

  • Bensinn: 5 Cent manner pro Liter – bis den 28. Februar 2027.

  • Diesel: 5 Cent manner pro Liter – bis den 28. Februar 2027.

Wat bréngen Mesuren fir dech? Beispiller vun der Regierung

Geschaten Erspuernisser iwwer 5 Méint, bei Bensinn an Diesel iwwer 6 Méint.

EnergieErspuernis
Stroum (3.901 kWh/Joer)65 €
Gas (2.500 m³/Joer)150 €
Mazout (2.500 Liter/Joer)150 €
Diesel (15.000 km/Joer)21 €
Bensinn (15.000 km/Joer)24 €
Resilienzpak 2027
Weider Informatiounen an all d'Detailer zum neien Tripartite-Accord fannt Dir op der offizieller Internetsäit vun der Regierung

Heefeg Froen zum Tripartite-Accord 2026–2027

Wat ass an der Tripartite vum 29. Oktober 2026 decidéiert ginn?

D'Regierung an d'Sozialpartner hunn decidéiert, d'Energiehëllefe fir d'Privatleit an d'Betriber ze verlängeren. Dës Mesurë sollen d'Inflatioun bremsen, d'Kafkraaft schützen an der Wirtschaft méi Planungssécherheet ginn.

Wéi vill méi bëlleg gëtt de Stroum 2027 zu Lëtzebuerg?

Duerch d'Energiehëllef gëtt de Stroumpräis ëm 4 Cent pro Kilowattstonn reduzéiert. Dës Ënnerstëtzung gëllt bis den 31. Dezember 2027.

Wéi héich ass d'Gaspräishëllef 2027?

D'Regierung ënnerstëtzt de Gaspräis mat 15 Cent pro Kubikmeter. Dës Mesure gëtt bis Enn 2027 verlängert.

Wéi vill Ënnerstëtzung gëtt et fir Mazout?

De Staat iwwerhëlt weider 15 Cent pro Liter Mazout. D'Hëllef gëllt bis den 31. Dezember 2027.

Ginn de Bensinn an den Diesel 2027 weider ënnerstëtzt?

Jo. D'Reduktioun vu 5 Cent pro Liter fir Bensinn an Diesel gëtt bis den 28. Februar 2027 verlängert.

Firwat huet d'Regierung d'Energiehëllefe verlängert?

D'Regierung wëll déi héich Energiekäschten offiederen, d'Inflatioun begrenzen an d'Kafkraaft vun de Stéit schützen. Gläichzäiteg sollen d'Betriber duerch méi stabil Energiepräisser entlaascht ginn.

Wat ass de Resilienzpak 2026–2027?

De Resilienzpak ass en Accord tëscht der Lëtzebuerger Regierung an de Sozialpartner, deen ënner anerem Mesurë géint déi héich Energiepräisser virgesäit. Den Accord vum 8. Juni 2026 gouf den 29. Oktober 2026 duerch en Zousaz ergänzt.

Wou fannen ech déi offiziell Informatiounen zum Tripartite-Accord?

Den offiziellen Accord an déi detailléiert Dokumenter sinn op der Internetsäit vun der Lëtzebuerger Regierung, gouvernement.lu, publizéiert.