D'Regierung an d'Sozialpartner hunn en neien Accord fonnt, fir d'Leit an d'Betriber och 2027 bei den héijen Energiepräisser ze entlaaschten. Dat huet de Premierminister Luc Frieden en Donneschdeg no der Tripartite zu Senneng annoncéiert.
D'Hëllefe fir Stroum, Gas a Mazout ginn bis Enn 2027 verlängert. D'Reduktiounen op Bensinn an Diesel bleiwen nach bis Enn Februar bestoen. Dobäi behält d'Regierung och d'Versuergungssécherheet an d'Klimaziler am Aen.
Dës Mesurë bremsen d'Inflatioun, schützen d'Kafkraaft a ginn de Betriber déi néideg Stabilitéit a Planungssécherheet. Grad an enger onsécherer internationaler Situatioun ass dat wichteg.
Lëtzebuerg weist domat nees eng vu senge grousse Stäerkten: Am Dialog mat de Sozialpartner fanne mir gemeinsam Léisungen. Mat engem kloren Zil: d'Leit entlaaschten, eis Wirtschaft stäerken an den Zesummenhalt an eisem Land sécheren.
Neien Tripartite-Accord: D'Mesuren op ee Bléck
D'Regierung an d'Sozialpartner hu sech drop gëeenegt, d'Hëllefe géint déi héich Energiepräisser ze verlängeren.
Stroum: 4 Cent manner pro kWh – bis den 31. Dezember 2027.
Gas: 15 Cent manner pro m³ – bis den 31. Dezember 2027.
Mazout: 15 Cent manner pro Liter – bis den 31. Dezember 2027.
Bensinn: 5 Cent manner pro Liter – bis den 28. Februar 2027.
Diesel: 5 Cent manner pro Liter – bis den 28. Februar 2027.
Wat bréngen Mesuren fir dech? Beispiller vun der Regierung
Geschaten Erspuernisser iwwer 5 Méint, bei Bensinn an Diesel iwwer 6 Méint.
| Energie | Erspuernis |
|---|---|
| Stroum (3.901 kWh/Joer) | 65 € |
| Gas (2.500 m³/Joer) | 150 € |
| Mazout (2.500 Liter/Joer) | 150 € |
| Diesel (15.000 km/Joer) | 21 € |
| Bensinn (15.000 km/Joer) | 24 € |