Visite vun der CSV Sektioun Réiden an der Chamber

Et war eng flott Geleeënheet, de Memberen de Fonctionnement vun der Chamber méi no ze bréngen an hinnen en Abléck an d'parlamentaresch Aarbecht ze ginn.

Zesumme hu mir eis och iwwer aktuell politesch Themen an d'Erausfuerderunge vun eisem Land ausgetosch. Merci fir den interessanten Austausch an den Interessi un der Politik! 🇱🇺

🏛️ Dir wëllt och eemol d'Chamber an d'CSV-Fraktioun mat Ärem Veräin, Ärer Sektioun oder Ärer Schoulklass besichen?

📲 Da mellt Iech bei mir oder schreift eis op csv@chd.lu.

Mir freeën eis op Äre Besuch!