Gespréich mat der Lëtzebuerger Bauerenzentral

D'CSV-Memberen aus der Kommissioun fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau - de Präsident Jeff Boonen souwéi d'Deputéiert Octavie Modert, Emile Eicher a Jean-Paul Schaaf - hunn sech mat Vertrieder vun der Bauerenzentral ausgetosch. Sujet waren d'Haaptproblemer, mat deenen de Secteur ze kämpfen huet. 

Kappzerbrieches mécht de Bauerebetriber ënnert anerem d'Reform vun der Grondsteier, d'EU-Waasser-Ramenrichtlinn, d'Reform vun der EU-Agrarpolitik oder och d'Gesetz zur Renaturéierung. Déi héich Präisser fir Sprit a Düngemëttel schloen elo nach net duerch, laangfristeg wäert dëst awer de Fall sinn, sou d'Vertrieder vun der Centrale paysanne.