Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
Déi allgemeng Erhéijung vum Verkéiersopkommes an eisem Land gëtt ëmmer méi zu enger Belaaschtung fir d’Liewensqualitéit vun eise Bierger, sief et duerch Kaméidi, schlecht Loftqualitéit a geféierleche Verkéierssituatiounen. Ausserdeem huet eng ze héich Verkéierslaascht een negativen Impakt op d’Geschäftswelt an den Tourismus. Dowéinst gëtt och säit Joren a vu successive Regierungen an d’Stroosseninfrastruktur investéiert an et sinn eng Rei Contournements enstanen, respektiv am Bau oder an der Planung, fir besonnesch eis Uertschaften vum Verkéier ze entlaaschten. Zwou Gemengen, déi ënnert der Belaaschtung vum Verkéier leiden, sinn Iechternach a Réimech. Bei béide Gemengen spillt och de grenziwwerschreidende Verkéier eng grouss Roll an op béide Plazen wier ee Contournement hëllefräich, fir d’Liewensqualitéit vun den Awunner ze verbesseren.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:
Wat sinn d’Critèren Punkto Verkéiersopkommen, déi de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten uwent, fir ze decidéieren, op eng Gemeng eligibel ass fir ee Contournement?
Wat sinn d’Critèren Punkto Loftqualitéit, déi de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten uwent, fir ze decidéieren, op eng Gemeng eligibel ass fir ee Contournement?
Ginn et nach aner Critèren, déi de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten uwent, fir ze decidéieren, op eng Gemeng eligibel ass fir ee Contournement?
Wat fir een Niveau vu Loftqualitéit a Verkéiersopkommes gouf zu Iechternach gemooss?
Wat fir een Niveau vu Loftqualitéit a Verkéiersopkommes gouf zu Réimech gemooss?
Op Basis vun deene Critèren, sinn d’Gemenge Réimech an Iechternach eligibel fir ee Contournement?
Falls jo, wéini ginn d’Planungen fir de Bau vun engem Contournement an deene Gemengen un?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Ricardo Marques
Députéierten
