De fir eng modern Aarbechtswelt wichtege Sujet vun der Aarbechtszäitorganisatioun stoung am Mëttelpunkt vun der Entrevue, déi d'Fraktioun mat Vertrieder vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL) haten.
De Fraktiounspresident Marc Spautz an d'Deputéiert Diane Adehm, Laurent Mosar, Maurice Bauer a Jeff Boonen hunn sech e Bild gemaach, wat Enn des Mounts an de bilaterale Gespréicher mat der Regierung diskutéiert wäert ginn. Generell goung et an de konstruktive Gespréicher awer och ëm de Sozialdialog, den als Fundament vum Lëtzebuerger Sozialmodell misst erhale bleiwen.