Wéi garantéiert de Ministère de Schutz vun de Bewunner an den Alters- a Fleegeheemer bei Hëtztwellen?

Jean-Paul SCHAAF

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.

Déi rezent Hëtztwell, déi zu enger “Alerte rouge” gefouert huet, stellt besonnesch fir eeler a vulnerabel Leit e bedeitende Gesondheetsrisiko duer. An deem Kontext huet de Gesondheetsministère eng “Aide aux personnes âgées et vulnérables” fir Visitten Doheem am Fall vun enger Canicule en place gesat. Dës Initiativ ënnersträicht d'Wichtegkeet vun engem proaktive Schutz vu vulnerabele Leit am Fall vun extremer Hëtzt. Ëmsou méi stellt sech d'Fro, wéi de Schutz vun de Bewunner an den Alters- a Fleegeheemer organiséiert ass, déi zu de vulnerabelste Leit gehéieren an deenen hir Betreiung ënner der Responsabilitéit vun den Institutioune läit.

Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer si vun héijen Temperaturen oft méi staark betraff a brauchen eng besonnesch Opmierksamkeet. An dësem Kontext ass et wichteg, datt d'Institutiounen iwwer kloer Prozeduren an adequat Hëtztschutzmoossname verfügen an datt dës am ganze Land no eenheetleche Krittäre kënnen ëmgesat ginn.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil stellen:

  1. Kann den Här Minister preziséieren, wéi eng konkret Moossname vum Ministère am Kader vun der rezenter Hëtztwell fir d’Alters- a Fleegeheemer geholl goufen?

  2. Gëtt et fir Alters- a Fleegeheemer eenheetlech a verbindlech Krittären oder Prozeduren, déi bei enger Hëtztwarnung, notamment am Fall vun enger “Alerte rouge”, mussen applizéiert ginn?

  3. Huet de Ministère ee Circulaire oder eng offiziell Kommunikatioun un d'Gestionnaire vun den Alters- a Fleegeheemer erausginn? Wa jo, wéi eng Mesure si matgedeelt ginn?

  4. Wéi gëtt gepréift, ob dës Hëtztschutzmoossnamen an den eenzelnen Alters- a Fleegeheemer effektiv ëmgesat ginn, a ginn et an deem Kontext Kontrollen oder Evaluatiounen?

  5. Ass den Här Minister der Meenung, datt de besteeënde Kader de Schutz vun de Bewunner am Fall vun ëmmer méi heefegen Hëtztewellen garantéiert, oder ass geplangt, d'Guidelinen an dësem Beräich unzepassen an ze uniformiséieren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jean-Paul Schaaf
Deputéierten