An de Kommissioune geet et virun allem ëm de Budget 2027, dat an de Kommissioune fir Gläichstellung an Diversitéit, Affaires intérieures, Defense, Sport a Fonction publique.
Wéi entwéckelt sech eis Wirtschaft?
En Dënschdeg tauschen d’Deputéiert sech mam STATEC iwwer déi lescht wirtschaftlech Previsiounen aus. Dobäi geet et ëm d’Entwécklung vun der Konjunktur an ëm de wirtschaftleche Kader, an deem de Staatsbudget fir 2027 opgestallt gëtt.
Wunnen
En Donneschdeg steet d’Wunnengspolitik am Fokus. D’Logementskommissioun schafft ënner anerem um Gesetzesprojet 8713, deen eng Rei Reegelen am Beräich vun der Landesplanung an de Prozeduren ännere soll.
Donieft gëtt eng Proposition de loi behandelt, déi d’individuell Wunnengshëllefen betrëfft.