Mat eisem Format „Den Invité vun der Fraktioun“ invitéiere mir reegelméisseg Perséinlechkeeten aus der Gesellschaft fir mat eisen Deputéierten iwwer aktuell Themen ze diskutéieren. An engem oppenen a perséinleche Kader. Fir déi Froen ze stellen déi am politeschen Alldag dacks ze kuerz kommen an iwwert déi reng Politik erausginn.
Haut hate mir mam Kardinol Jean-Claude Hollerich eng besonnesch Perséinlechkeet op Besuch. Als enke Beroder vum Poopst a mat senger grousser internationaler Erfarung bréngt hien eng interessant Perspektiv op déi gesellschaftlech Erausfuerderunge vun eiser Zäit mat.
Mir soen dem Kardinol e grousse Merci fir dat interessant an oppent Gespréich mat eisen Deputéierten.