Am RTL-„Background am Gespréich“ huet de Finanzminister Gilles Roth iwwer d'Situatioun vun de Staatsfinanzen, d'Steierreform, den Index, d'Finanzplaz an eng Rei aktuell politesch Dossiere geschwat. Fir de Gilles Roth bleift d'CSV eng Partei vun der Mëtt, déi wirtschaftlech Dynamik a sozial Kohäsioun matenee verbënnt.
- Staatsrecettë entwéckele sech positiv
Virun der Presentatioun vum Budget huet de Gilles Roth erkläert, datt d'Staatsrecetten dëst Joer däitlech zougeholl hätten. Hien huet vun enger Hausse vu ronn 8 bis 10 Prozent par rapport zum Joer virdru geschwat. Gläichzäiteg huet hien awer virun ze vill Optimismus gewarnt: Besonnesch déi staark Recetten aus dem Finanzsecteur dierften net als Selbstverständlechkeet ugesi ginn.
- Steierreform als Investitioun an d'Kafkraaft
Fir déi geplangte Steierreform sinn laut Gilles Roth 2028 ronn 880 Milliounen Euro virgesinn. Hien huet d'Reform als Investitioun an d'Kafkraaft bezeechent.
D'Zil wier et, de Steiersystem méi staark un déi gesellschaftlech Realitéit unzepassen. Ënner anerem soll der Situatioun vu Stéit, an deenen zwee Partner schaffen, an och vu gescheeten Eltere méi Rechnung gedroe ginn.
De Finanzminister huet betount, datt d'Entlaaschtung bei méi niddregen Akommes prozentual méi staark ausfält.. Um progressive System vum Steiersystem soll näischt geännert ginn: méi héich Akommes sollen och weiderhin e méi groussen Deel vum Steieropkommes droen.
D'Steierreform ass Deel vun engem méi breede Kafkraaftpak. Dozou gehéieren och d'Erhéijung vum Kannergeld, Upassunge beim Chèque-service accueil an d'Allocation de vie chère.
- Méi cibléiert Rekrutementer beim Staat
Beim Staat sollen nei Rekrutementer duerch de konkrete Besoine begrënnt sinn. A verschiddene Beräicher wier méi Personal awer weiderhinn onvermeidbar wann et drëms geet de Koalitiounsaccord ëmzesetzen. De Gilles Roth huet Police, Defense an Educatioun als Beispiller genannt. Gläichzäiteg setzt hien op méi Digitaliséierung an op kënschtlech Intelligenz an de Verwaltungen.
- Kloert Bekenntnis zum Index
Beim Index huet de Gilles Roth eng kloer Positioun vertrueden. Den aktuelle Mechanismus soll net geännert ginn. Den Index bleift fir d'Regierung en zentrale Bestanddeel vum Lëtzebuerger Sozialmodell an en Instrument, fir d'Kafkraaft bei steigende Präisser ofzesécheren.
De Finanzminister huet an deem Zesummenhang och confirméiert, datt d'Erhéijunge vum soziale Mindestloun bis zum Enn vun der Legislaturperiod steierfräi solle bleiwen.
- Finanzplaz bleift zentral fir Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Finanzplaz bleift fir de Gilles Roth eng zentral Stäip vun der Wirtschaft an de Staatsfinanzen. De Finanzminister gesäit d'Lëtzebuerger Finanzplaz dobäi gutt opgestallt. Hien huet op de Wuesstem an der Fongenindustrie an op eng Rei nei Banken higewisen, déi sech zu Lëtzebuerg néierloossen. Déi staark Finanzplaz géif dem Staat déi néideg Recettë ginn, fir an Infrastrukturen a Sozialleeschtungen ze investéieren.
De Gilles Roth huet sech och kloer géint eng Zentraliséierung vun der europäescher Finanzopsiicht zu Paräis ausgeschwat. D'CSSF wier mat hirer Expertise, Reaktivitéit a pragmatescher Aarbechtsweis e wesentleche Standuertvirdeel fir Lëtzebuerg.
- Staat hält seng BIL-Parten
Am Kontext vun de Spekulatiounen iwwer e méigleche Verkaf vun dem Staat senge BIL-Aktien huet de Gilles Roth verséchert, datt de Lëtzebuerger Staat seng Participatioun net wäert verkafen. D'BIL bleift fir hien eng systemesch a wichteg Bank fir Privatleit, PME an d'Lëtzebuerger Wirtschaft.
- Sozialen Dialog als Stabilitéitsfaktor
De Gilles Roth huet d'Bedeitung vum Lëtzebuerger Sozialmodell ervirgehuewen. D'Tripartite hätt gewisen, datt Patronat, Gewerkschaften a Regierung och a schwieregen Zäiten zu Léisunge komme kënnen. Dës sozial a politesch Stabilitéit wier och e wichtege Standuertvirdeel fir Lëtzebuerg.
Den RTL-Background am Replay: