Zu Gaascht bei „CSV am Dialog – den Invité vun der Fraktioun“: Blanche Weber vum Mouvement Ecologique

Blanche Weber, eng vun de bekannsten a markansten Stëmmen aus der Lëtzebuerger Ëmweltbewegung, war haut eisen Gaascht bei „CSV am Dialog – den Invité vun der Fraktioun“.

Als laangjäreg Presidentin vum Mouvement Ecologique engagéiert Blanche Weber si sech fir Natur-, Klima- a Biodiversitéitsschutz. An der ëffentlecher Debatt vertrëtt si der Ëmweltbewegung hir Positioune a scheit sech net, politesch Entscheedunge kritesch ze hannerfroen. 

Mir soen der Presidentin vum Mouvement Ecologique e grousse Merci fir den interessanten, oppenen a ganz animéierten Austausch mat eisen Deputéierten.

  • Wat ass den „CSV am Dialog – den Invité vun der Fraktioun“ ?

D’Iddi hannendrun ass Deputéiert mat Perséinlechkeeten aus der Gesellschaft zesummenzebréngen. An engem oppenen a perséinleche Kader. Fir déi Froen ze stellen déi am politeschen Alldag dacks ze kuerz kommen, an iwwert déi reng Politik erausginn.