Jeff Boonen "Invité vun der Redaktioun": Eis Landwirtschaft muss méi resilient ginn

Landwirtschaft muss sech un de Klimawandel upassen

De Jeff Boonen war e Mëttwoch de Moien „Invité vun der Redaktioun“ op RTL. Am Mëttelpunkt vum Gespréich stoung d’Fro, wéi d’Lëtzebuerger Landwirtschaft mat de verännerte klimatesche Bedéngungen ëmgoe kann a wéi eng politesch Kaderbedéngungen et brauch, fir d’Betriber dobäi ze ënnerstëtzen.

Déi aktuell Dréchent stellt vill Bauerebetriber viru grouss Erausfuerderungen. Zu den héijen Energie- an Düngerpräisser an den deelweis niddrege Präisser fir landwirtschaftlech Produite kënnt dëst Joer de Mangel u Fudder dobäi. Eng Rei Betriber mussen dowéinst schonn op hir Reserven zeréckgräifen. Gläichzäiteg gëtt d’finanziell Situatioun fir vill Betriber ëmmer méi ugespaant. Besonnesch d’Liquiditéit bleift, esou de Jeff Boonen, eng vun de groussen Erausfuerderungen.

An dësem Kontext géifen och Reserven a Risikopreventioun ëmmer méi u Bedeitung gewannen. Betriber, déi an de leschte Jore Fudderreserven uleeë konnten, wieren an der aktueller Situatioun besser opgestallt. Och d’Ernteausfallversécherung wier e wichtegt Instrument, fir Betriber bei konkrete Schied gezielt ofzesécheren. Si kéint awer net déi eenzeg Äntwert op d’Folge vum Klimawandel sinn. Sollten extrem Wiederphenomener an Zukunft méi heefeg ginn, misst d’Landwirtschaft och strukturell méi resilient opgestallt ginn.

Fir de Jeff Boonen ass dofir kloer, datt d’Landwirtschaft sech un de Klimawandel upasse muss. Gläichzäiteg wier et un der Politik, déi néideg Kaderbedéngungen ze schafen.

Dobäi missten och Klimaschutz a landwirtschaftlech Produktioun zesumme geduecht ginn. Et wier net ziilféierend, d’Produktioun zu Lëtzebuerg aus Klimaschutzgrënn ze reduzéieren, wann déi selwecht Produiten duerno aus dem Ausland importéiert ginn. An deem Fall géifen d’Ëmweltimpakter net verschwannen, mee just an aner Länner verluecht ginn.

Och bei der Véihaltung misst déi laangfristeg Entwécklung berücksichtegt ginn. Wann duerch méi dréche Joren ëmmer méi Fudder muss aus dem Ausland zoukaaft ginn, wier dat weder wirtschaftlech nach ekologesch eng nohalteg Perspektiv. De Véibestand misst sech dofir op Dauer un de Flächen an de Ressourcen orientéieren, déi zu Lëtzebuerg zur Verfügung stinn.

Méi Geméisbau brauch och Bewässerung

E weidert Thema vum Gespréich war den Uebst- a Geméisbau. D’Regierung huet sech zum Zil gesat, déi regional Produktioun an dëse Beräicher auszebauen. Fir de Jeff Boonen ass awer kloer, datt professionelle Geméisbau ouni zouverlässeg Bewässerungsméiglechkeete kaum méiglech ass.

Wann d’Politik méi regional Uebst- a Geméisproduktioun wëll, missten dofir och déi néideg Infrastrukture geschaf ginn. Dozou gehéieren ënner anerem Méiglechkeeten, Waasser opzefänken an ze späicheren, fir et a längeren Drécheperioden fir d’Bewässerung notzen ze kënnen.

De Jeff Boonen huet an deem Zesummenhang op eng Rei lafend Pilotprojete verwisen. Déi néideg Etüden an d’Analyse vun den Ëmweltimpakter wiere wichteg mä no Jore vun der Planung misst een awer elo zu konkrete Resultater kommen.

Generell dierft den Ëmweltschutz, esou de Jeff Boonen, net zu enger dauerhafter Blockade vu Projeten féieren. Ëmweltoplagen an Etüde wieren néideg, mee um Enn misst d’Politik och Decisiounen huelen an d’Ëmsetzung vu sënnvolle Projeten erméiglechen.

Kritik um Ëmgang mam Projet Onperfekt

Am Interview gouf och d’Zukunft vun der Initiativ Onperfekt thematiséiert. De Projet keeft ënner anerem Uebst a Geméis op, dat wéinst senger Form oder Gréisst net den übleche Verkafskrittären entsprécht, a setzt sech gläichzäiteg mat Sensibiliséierungsaarbecht an de Schoulen géint Liewensmëttelverschwendung an.

De Jeff Boonen huet déi kuerzfristeg Kënnegung vun der Konventioun mam Projet kritiséiert, well d’Initiativ senger Meenung no am Aklang mat den deklaréierte politeschen Ziler fir eng méi nohalteg Ernärung steet.

Dofir sollten déi concernéiert Ministèrë gemeinsam no enger Léisung sichen, fir dem Projet eng dauerhaft Perspektiv ze ginn.

Replay: 

Source - https://www.rtl.lu/news/national/jeff-boonen-president-vun-der-landwirt…

Audio file

FAQ-Block

1. Wat sinn 2026 déi gréissten Erausfuerderunge fir d'Lëtzebuerger Bauerebetriber? 

No de Wierder vum CSV-Deputéierte Jeff Boonen kommen 2026 dräi Belaaschtungen zesummen: déi héich Energie- an Dünger­präisser, deelweis niddreg Präisser fir landwirtschaftlech Produiten an de Mangel u Fudder duerch d'Dréchent. Eng Rei Betriber musse scho op hir Reserven zeréckgräifen; besonnesch d'Liquiditéit bleift laut Boonen eng vun de groussen Erausfuerderungen.

2. Wat heescht "resilient Landwirtschaft" fir d'CSV? 

Fir d'CSV heescht Resilienz, datt d'Betriber net eleng op Hëllefe waarden, mee strukturell op Extremwieder virbereet sinn: Fudderreserven uleeën, Risikopreventioun, Ernteausfallversécherung an eng Produktioun, déi sech un de Flächen an de Ressourcen orientéiert, déi zu Lëtzebuerg zur Verfügung stinn.

3. Reecht eng Ernteausfallversécherung als Äntwert op de Klimawandel? 

Nee. De Jeff Boonen huet den 2. September 2026 op RTL gesot, d'Ernteausfallversécherung wier e wichtegt Instrument, fir Betriber bei konkrete Schied gezielt ofzesécheren, si kéint awer net déi eenzeg Äntwert op d'Folge vum Klimawandel sinn. Wa extrem Wiederphenomener méi heefeg ginn, misst d'Landwirtschaft och strukturell méi resilient opgestallt ginn.

4. Firwat ass d'CSV géint eng Reduktioun vun der Produktioun aus Klimaschutzgrënn? 

Well d'Ëmweltimpakter dobäi net verschwannen, mee just verluecht ginn. Wann zu Lëtzebuerg manner produzéiert gëtt an déi selwecht Produiten duerno aus dem Ausland importéiert ginn, entsteet dem Jeff Boonen no kee Klimagewënn. Klimaschutz a landwirtschaftlech Produktioun mussen dofir zesumme geduecht ginn.

5. Wat brauch de Lëtzebuerger Uebst- a Gemeisbau, fir ze wuessen? 

Bewässerung. D'Regierung wëll déi regional Uebst- a Gemeisproduktioun ausbauen — professionelle Gemeisbau ass awer laut Jeff Boonen ouni zouverlässeg Bewässerungsméiglechkeete kaum méiglech. Dofir brauch et Infrastrukturen, fir Waasser opzefänken an ze späicheren an et a längeren Dréchheetsperioden ze notzen.

6. Wat kritiséiert d'CSV um Ëmgang mam Projet "Onperfekt"? 

De Jeff Boonen huet déi kuerzfristeg Kënnegung vun der Konventioun mam Projet Onperfekt kritiséiert. D'Initiativ keeft Uebst a Gemeis op, dat wéinst Form oder Gréisst net den übleche Verkafskritären entsprécht, a sensibiliséiert an de Schoulen géint Liewensmëttelverschwendung — also am Aklang mat den deklaréierte politeschen Ziler fir eng méi nohalteg Ernärung. D'concernéiert Ministèrë sollten no enger gemeinsamer Léisung sichen.

7. Wéi steet d'CSV zu Ëmweltoplagen bei Bewässerungsprojeten? 

Ëmweltoplagen an Etüde sinn no der CSV néideg, dierften awer net zu enger dauerhafter Blockade vu Projete féieren. No Jore vun der Planung misst d'Politik laut Jeff Boonen elo Decisioune huelen an d'Ëmsetzung vu sënnvolle Projeten erméiglechen.