Déi lescht zwou Chambersëtzungen virun der Summerpaus:
Densdes 14. Juli 2026
Méi Schutz géint Finanzbedruch
D’Cellule de renseignement financier (CRF) kritt eng kloer legal Basis, fir Banken, Finanzakteuren a Krypto-Déngschtleeschter gezielt iwwer Konten ze informéieren, bei deenen e groussen Bedruchsrisiko besteet. Domat solle Bedruchsmasche wéi Phishing, falsch Investitiounsofferen oder sougenannte Presidentebedruch méi fréi erkannt a verhënnert ginn. D’Informatioune ginn iwwer e gesécherte Kanal iwwermëttelt a musse spéitstens no sechs Méint geläscht ginn.
Rapporteur: Laurent Mosar
Hëllefe fir kleng a mëttel Betriber méi einfach maachen
De gesetzleche Kader fir staatlech Hëllefe fir kleng a mëttel Betriber gëtt moderniséiert. D’Demarchë ginn ëmmer méi digital an deelweis automatiséiert, d’Veraarbechtungsfriste gi méi kloer gereegelt an d’Betriber sollen e besseren Iwwerbléck iwwer déi disponibel Hëllefe kréien. Och d’Reegele fir sougenannten De-minimis-Hëllefe ginn am Gesetz gebündelt.
88 Milliounen Euro fir de Stroum-Kompensatiounsmechanismus
De Staat stellt fir 2026 bis zu 88 Milliounen Euro aus dem Klima- an Energiefong zur Verfügung, fir de Kompensatiounsmechanismus um Stroummaart ze finanzéieren an d’Bäiträg fir verschidde Verbraucherkategorien ze begrenzen. Well d’Käschte méi niddreg ausfale wéi ursprénglech berechent, läit de staatleche Bäitrag 32 Milliounen Euro ënner deem Betrag, deen am Budget virgesi war.
Neien Testzentrum fir Raumfaarttechnologien
Um Space Campus op der Kockelscheuer soll e spezialiséierten a gesécherten Testzentrum entstoen. Do kënne Satellitten an hir Komponente mat Hëllef vu Reinraim, Vakuum-, Temperatur-, Akustik- a Radiofrequenztester direkt zu Lëtzebuerg getest ginn. Dat reduzéiert Transportweeër, Risiken a Waardezäiten a stäerkt de Lëtzebuerger Raumfaartsecteur. De gesetzlech autoriséierte Finanzkader fir de Loyer, d’Ausrüstung, d’Sécherheet an de Betrib läit bei ronn 195,5 Milliounen Euro.
Temporär méi bëllege Stroum fir grouss Industriebetriber
Mat dësem Projet gëtt eng Mesure aus dem Tripartite-Accord ëmgesat. Grouss Industriebetriber, déi besonnesch staark vun den héije Stroumpräisser betraff sinn, kënne vun 2026 bis 2028 eng staatlech Hëllef kréien. D’Mesure soll d’Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Industrie ofsécheren a gläichzäiteg d’Ëmstellung op eng méi klimafrëndlech Produktioun ënnerstëtzen.
Kloer Reegele fir medezinesch Analyselaboratoiren
D’Ufuerderungen un d’Ausbildung vun de Responsabele vu medezineschen Analyselaboratoirë ginn elo direkt am Gesetz festgehalen. Gläichzäiteg gëtt d’medezinesch Genetik als offiziell Disziplin vun de Laboratoiren unerkannt. Qualifizéiert Dokteren, Apdikter, Chimisten a Biochimiste kënne sou, ënner kloer definéierte Konditiounen, d’Responsabilitéit fir dëse Beräich iwwerhuelen.
Rapporteur: Jeff Boonen
Beruffsbild vum Infirmier gëtt moderniséiert
D’Kompetenzen, d’Aufgaben an d’Verantwortung vum Infirmier ginn nei a méi kloer definéiert an un d’Realitéit vum moderne Gesondheetssecteur ugepasst. Domat gëtt den Infirmiersberuff als autonomen, spezialiséierten an onverzichtbare Beruff am Lëtzebuerger Gesondheetssystem weider opgewäert. De Projet ass Deel vun enger méi breeder Reform vun de Gesondheetsberuffer.
Rapporteur: Ricardo Marques
Mettwoch 15.Juli 2026
De Fonds du Logement méi effizient opstellen
D’Missioune vum Fonds du Logement ginn aktualiséiert an deelweis ausgebaut. De Projet erkennt den ëffentlechen Notze vu sengen Aufgaben ausdrécklech un, moderniséiert seng Gouvernance a vereinfacht d’Finanzéierung vu sengen Investitiounen. De Fonds soll esou nach méi effizient bezuelbar Wunnengen entwéckelen, bauen a verwalten.
Méi bezuelbare Wunnraum schafen
D’Gesetz iwwer de bezuelbare Wunnraum gëtt op Basis vun den Erfarunge vum Terrain verbessert. D’Reform soll ënner anerem d’Renovatioun vun existente Gebaier méi attraktiv maachen an d’Gemengen encouragéieren, selwer bezuelbar Wunnengen ze schafen. Och d’Vergab vun de Wunnengen, d’Garantie locative an d’Reegele bei enger verännerter Familljesituatioun ginn ugepasst.
De Klimabonus Wunnen gëtt weidergefouert
Mat engem neie gesetzleche Kader gëtt de Klimabonus Wunnen iwwer den 1. Januar 2026 eraus weidergefouert. Ënnerstëtzt ginn energetesch Renovatiounen, eng besser Isolatioun, nohalteg Baumaterialien an erneierbar Energien. Wat d’energetesch Leeschtung an d’Qualitéit vun de Materialien méi héich sinn, wat och d’Hëllef méi héich ausfale kann. De sougenannten Tripartite-Bonus gëtt an d’Basisbeträg integréiert.
Rapporteur: Jeff Boonen
Kloer Reegele fir Wäermepompelen
Fir dass Wäermepompelen korrekt installéiert ginn an dauerhaft gutt funktionéieren, gëtt en eenheetleche gesetzleche Kader geschaf. Dëse reegelt d’Ofnam vun den Anlagen, reegelméisseg Kontrollen an d’Meldung, wann eng Wäermepompel ausser Betrib geholl gëtt. Dat schaaft méi Sécherheet fir d’Leit a stäerkt d’Vertrauen an dës klimafrëndlech Heiztechnik.
Rapporteur: Paul Galles
Direktioun vum Finanzkontroll gëtt verstäerkt
An der Direktioun vum Finanzkontroll gëtt de Poste vun engem stellvertriedenden Direkter geschaf. Domat soll d’Organisatioun gestäerkt an de Fonctionnement vun dëser wichteger Kontrollinstanz vum Staat dauerhaft ofgeséchert ginn.
Rapportrice: Diane Adehm
Lëtzebuerg ënnerstëtzt déi äermste Länner
Lëtzebuerg bedeelegt sech un der 21. Finanzéierungsronn vun der Internationaler Entwécklungsassociatioun, déi zum Grupp vun der Weltbank gehéiert. Dës Mëttele kommen deenen äermsten a wirtschaftlech vulnerabelste Länner zegutt a finanzéieren Entwécklungsprojeten zu besonnesch gënschtege Konditiounen.
Rapporteur: Maurice Bauer
Méi Solarenergie laanscht eis Autobunnen
De Projet mécht de Wee fräi fir Photovoltaikanlagen op bestëmmte Fläche laanscht Autobunnen a Staatsstroossen. Ënner kloere Konditioune kënnen och an der normalerweis fräizehalender Zon reversibel Solaranlagen installéiert ginn. Esou gëtt zousätzlecht Potenzial fir d’Produktioun vun erneierbarem Stroum genotzt.
Den Tram fiert bis bei den CHL
D’Tramslinn gëtt vun der Stäreplaz iwwer d’Areler Strooss bis bei den neie Mobilitéitspol beim CHL verlängert. Den neien Tracé ass ronn 2,1 Kilometer laang. Nieft der Tramsinfrastruktur soll och den ëffentlech Raum laanscht d’Streck nei an attraktiv gestalt ginn. D’Verlängerung verbessert d’Ubannung vum CHL an de Quartiere Belair an Arquebusiers un den ëffentlechen Transport.
Méi intelligent a vernetzte Mobilitéit
En neie gesetzleche Kader reegelt den Asaz vun intelligenten Transportsystemer. Digital Verkéiersinformatiounen an Daten iwwer Stroossen, Verkéierssituatiounen an ënnerschiddlech Transportmëttele solle besser disponibel, kompatibel a grenziwwerschreidend notzbar ginn. Dat erméiglecht méi zouverlässeg Informatioune an eng méi effizient Steierung vum Verkéier.
4,4 Milliarden Euro fir de RGTR-Reseau
D’Finanzéierung vum ëffentleche Busreseau RGTR gëtt bis Enn 2038 verlängert. De finanzielle Kader klëmmt vun 1,26 op 4,4 Milliarden Euro. Domat gëtt d’Kontinuitéit vum Busservice garantéiert an déi progressiv Erneierung vun den ëffentleche Buskontrakter ofgeséchert.