Am Kader vun enger Entrevue, mat den Deputéierte Ricardo Marques a Françoise Kemp, huet d’COPAS hir Siicht fir d’Weiderentwécklung vum soziale Secteur presentéiert. Dobäi stoungen d’Stäerkung vun der Qualitéit, d’Nohaltegkeet vun de Servicer an d’Verbesserung vun de Kaderbedéngungen am Mëttelpunkt. D’CSV an der Chamber setzt sech fir en effizienten an zukunftsorientéierte Secteur an, deen d’Besoine vun de Beneficiairen an d’Realitéite vum Terrain an de Mëttelpunkt stellt.
Besonnesch ervirgehuewe gouf d’Wichtegkeet vun engem strukturéierten Dialog tëscht allen Acteuren, fir gemeinsam nohalteg Léisungen auszeschaffen. D’Zil ass et, d’Attraktivitéit vum Secteur ze stäerken, administrativ Prozesser ze vereinfachen an d’Qualitéit vun de Prestatioune laangfristeg ze sécheren. Dobäi bleift den Engagement vun de Mataarbechter um Terrain e wesentleche Pilier fir eng staark an zouverlässeg sozial Versuergung.