No wéienge Critèrë ginn d’Pächter ausgewielt, wa Parzellen, déi mat ëffentleche Gelder ugeschaaft goufen, u privat Leit verpacht ginn?

Stéphanie WEYDERT

Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister weider ze leeden.
D’Fondation Hëllef fir d‘Natur keeft no ons verfügbaren Informatiounen am ganze Land Parzellen op am Kader vun hiren Aktivitéiten, dobäi och, wéi et schéngt, mat Ënnerstëtzung vun ëffentleche Gelder, ënner anerem iwwer Subside vum Ëmweltministère, am Kader vun COPIL Natura 2000 oder projektspezifesche Finanzéierungen.
An deem Kontext stellt sech d’Fro, wéi dës Flächen duerno geréiert ginn, besonnesch wann se u privat Persoune verpacht ginn.
An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:
No wéi enge Critèrë ginn d’Pächter ausgewielt, wa Parzellen, déi mat ëffentleche Gelder ugeschaaft goufen, u privat Leit verpacht ginn? 
Gëtt fir d’Verpachtung vun dëse Flächen eng ëffentlech Ausschreiwung gemaach? Falls jo, no wéi enge Reegelen? Falls nee, firwat net? 
Wéi gëtt séchergestallt, datt d’Vergab vun de Pachtverträg transparent an no objektive Critèrë geschitt? 
Wéi eng Associatioune kënnen am Allgemenge vu Subsiden am Kader vum Ëmweltministère, Natura 2000 oder änleche Programmer profitéieren? 
Wéi eng Programmer ginn et fir Fläschen am Kader vum Naturschutz opzekafen? 

No wéi enge Critèrë ginn dës finanziell Ënnerstëtzunge verginn a wéi gëtt hir Notzung kontrolléiert?
Wéi eng Associatiounen oder Stëftungen hunn an de läschte Jore vun dëse Programmer profitéiert?
Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.


Stéphanie Weydert
Deputéierten