Präambel:
D’Subventiounen déi engem Acteur octroyéiert kënne ginn zu Naturschutzzwecker, dorënner och den Terrainskaf, an déi entspriechend Modalitéite vun de Subventiounen, sinn am modifizéierten Emweltschutzfong-Gesetz vum 31. Mee 1999 gereegelt (loi modifiée du 31 mai 1999 portant institution d'un fonds pour la protection de l'environnement). Déi Terrainen, déi een Acteur zu Naturschutzzwecker keeft, verfollege kloer Naturschutz-Objektiver, fir entweder präsent Liewensraim an Aarten ze schützen, oder nei Liewensraim ze restauréieren. Et läit an der Responsabilitéit vum Acteur fir sécher ze stellen, datt d’Objektiver an d’Konditiounen, ënnert deenen den Terrainskaf kofinanzéiert gouf, erfëllt ginn.
1.No wéi enge Critèrë ginn d’Pächter ausgewielt, wa Parzellen, déi mat ëffentleche
Gelder ugeschaaft goufen, u privat Leit verpacht ginn?
Dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit sinn déi Krittäre net bekannt: wann en Acteurmam Support vun ëffentleche Gelder en Terrain kaaft huet, läit et an dem Acteur sengerVerantwortung ob e selwer déi Terraine wëll bewirtschaften, oder e Piechter auswielt fir deenTerrain ze bewirtschaften. Wéi den eventuelle Piechter rausgesicht gëtt, ass gesetzlech netvirgeschriwwen.
2.Gëtt fir d’Verpachtung vun dëse Flächen eng ëffentlech Ausschreiwung gemaach?
Falls jo, no wéi enge Reegelen? Falls nee, firwat net?
3.Wéi gëtt séchergestallt, datt d’Vergab vun de Pachtverträg transparent an no objektiveCritèrë geschitt?
Et gëtt keng ëffentlech Ausschreiwung gemaach, an et gëtt op d’Äntwert zur Fro 1 verwisen.
4.Wéi eng Associatioune kënnen am Allgemenge vu Subsiden am Kader vumËmweltministère, Natura 2000 oder änleche Programmer profitéieren?
Laut Artikel 4 vum Ëmweltschutzfong-Gesetz kënne Gemengen, Gemengesyndikater matNaturschutzzweck, souwéi « établissements d’utilité publique » mat Naturschutzmissioun vun engem Subside fir d’Terrainskeef iwwer dëse Fong profitéieren.
5.Wéi eng Programmer ginn et fir Fläschen am Kader vum Naturschutz opzekafen? No wéienge Critèrë ginn dës finanziell Ënnerstëtzunge verginn a wéi gëtt hir Notzung kontrolléiert?
De Nationale Naturschutzplang (PNPN3), deen am Januar 2023 vum Regierungsrot ugehollgouf, gesäit de Kaf vun Terraine fir Naturschutz-Zwecker vir als eng vun den effikassteMoossname fir laangfristeg national an europäesch geschützte Liewensraim ze sécheren.
N°3959
Entrée le 28.05.2026
Chambre des Députés
Bei der Naturverwaltung gëtt dës Strategie ëmgesat iwwert geziilte Flächenopkeef (procédure du 7 octobre 2024 concernant l’acquisition des terrains par l’État en vue de la réalisation d'objectifs de protection de la nature).
Prioritär ginn dobäi Terrainen erausgesicht an opkaaft:
• déi a nationalen oder europäesche Schutzgebidder leien;
• déi laanscht Gewässer leien;
• op deene sech geschützte Liewensraim oder seelen Aarte befannen;
• déi fir d’Ëmsetzung vu prioritären Aktiounspläng gebraucht ginn.
Dës Terrainskeef ënnerleien den übleche staatleche Prozeduren an dësem Kontext.
Bei den aneren, net staatlechen Acteuren, wéi an der Äntwert 4 opgelëscht, gëllt déi selwecht strategesch Ausriichtung. D’Demanden déi vun den Acteure gestallt ginn, gi vum Comité vum Ëmweltschutzfong evaluéiert. Dobäi muss eng Expertise vun der Naturverwaltung, déi de Wäert vum Terrain schätzt, bäigeluecht ginn. D’Ëmsetzung vun de geplangte Moossnamen um Terrain läit dono beim jeeweilegen Acteur.
Eng wichteg Konditioun ass, datt am Acte de vente festgehale gëtt, datt den Terrain fir Naturschutzzwecker kaf gouf.
Déi an der Äntwert op d’Fro 6 opgelëschten Acteuren hunn eng Terrainskaf-Konventioun mam Staat. Hei gëtt och de Reporting zu den Ëmsetzungen op de cofinanzéierten Terrainen gereegelt souwéi d’Modalitéite beim Net-Anhalen vun de Konditioune vun der Konventioun oder der Naturschutz-Gesetzgebung.
6. Wéi eng Associatiounen oder Stëftungen hunn an de läschte Jore vun dëse Programmer profitéiert?
D’Naturschutzsyndikater SICONA Centre, SICONA Sud-Ouest a SIAS, souwéi de Naturpark Our, an och d’Fondatioun Hëllef fir d‘Natur hunn eng Konventioun fir e Subside vun Terrainskeef.
Lëtzebuerg, den 28. Mee 2026
(s.) Serge Wilmes
Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit