Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weider ze leeden.
D’Firma Microsoft baut an Däitschland, méi genee zu Bedburg an Nordrhein-Westphalen, ee Fuerschungszentrum fir KI an investéiert am Ganzen 3 Milliarden Euro op deem Site. De Bau vun dësem Zentrum soll am Mäerz vun dësem Joer ugoen an am Laf vun 2028 fäerdeg gestallt ginn an eng Rei qualitativ héichwäerteg Aarbechtsplaze schafen. Dëse Projet bréngt mech zum Projet vu Google an der Gemeng Biissen, em deen et déi lescht Méint roueg ginn ass, a wou, laut menge leschten Informatiounen, eng aner Ausriichtung ewéi deen ursprüngleche Projet vun engem Datenzenter virgesinn ass.
Dowéinst hunn ech follgend Froen un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus stellen :
Wou ass de Projet Google drun?
Ginn et Problemer mam Projet a wa jo, vu wéi enger Natur?
Ass et beim Projet Google och virgesinn ee KI Rechenzentrum ze bauen?
Wéi ass et mat de Autorisatiounen vun der Gemeng Biissen?
Wat feelt nach fir de Projet unzefänken?
Wéi laang ass et geplangt fir de Bau unzefänken an ofzeschléissen?
Wéi vill Budget huet Google virgesinn?
Wéi vill Aarbechtsplazen sollen um Site entstoen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Georges Mischo
Deputéierten