Austausch mam SEW iwwer Gewalt an de Schoulen

D'Vertrieder vun der CSV-Fraktioun Ricardo Marques , Jean-Paul Schaaf a Paul Galles haten en informativen Austausch mat dem SEW/Ogbl- Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft.Een zentrale Sujet war d’Problematik vun der zouhuelender Gewalt an eise Schoulen.Eis Schoulen si Plaze vum Léieren a vun der Sécherheet un deenen eis Kanner sech solle fräi entfale kënnen. D’Problematik vun der klammender Gewalt an eise Schoulen huele mir ganz eescht.Als CSV toleréiere mir keng Form vu Gewalt a setzen eis dofir an, dass jidderee geschützt soll ginn - eis Kanner, an och eist Schoulpersonal.