Eis Partei lieft vun hire Memberen – vun hirem Asaz, hirem Engagement, hirer Zäit an hiren Iddien. Dat ass alles anescht wéi selbstverständlech.
Eise Parteipresident Luc Frieden, d’Hesper Buergermeeschtesch Diane Adehm an de Sektiounspresident Guy Wester haten déi grouss Éier, dem Roger vun der Hesper Sektioun fir seng 80 Joer Memberschaft bei eis ze felicitéieren.
Stellvertriedend fir vill Anerer, e grousse Merci fir den Engagement an dëse bemierkenswäerte Parcours.