Mir traueren ëm de Lucien Weiler (1951 - 2026)

Als Deputéierte fir de Bezierk Norden huet de Luss sech iwwer bal dräi Joerzéngte fir d'Wuel vum Land engagéiert. Als President vun der Chamber (2004–2009) stoung hie fir Ausgläich, institutionell Stabilitéit an eng Demokratie, déi vum Dialog a vum Respekt lieft. 

De Luss huet och als Fraktiounspresident d’Politik vun der CSV geprägt a sech besonnesch fir de Jugendschutz staark gemat. Och no senger parlamentarescher Carrière ass de Luss dem Déngscht um Land trei bliwwen. 

Als Maréchal vun der Cour grand-ducale (2016-2020) huet de Lucien Weiler seng grouss Erfarung, Diskretioun a Loyalitéit an den Déngscht vum Staatschef gestallt. 

Fir d’CSV bleift de Luss e Virbild fir Verantwortung, Bescheidenheet a konsequenten Asaz. 

Mir drécken der Famill eist chrëschtlecht Bäileed aus.

Lucien Weiler