Nationalkongress
Den CSV-Nationalkongress ass déi héchste Parteiinstanz a kënnt op mannst ee Mol am Joer zesummen. Hien ëmfaasst iwwer 800 Parteimemberen, dorënner ë.a. all national Parteimandatairen. Awer och d’lokal Sektiounen an d’Ënnerorganisatiounen si vertrueden.
Wat sinn seng Aufgaben?
D’Politik bestëmmen: Den Nationalkongress leet d’Grondlinne vun der Politik vun der Partei fest. Hien hëlt Resolutiounen a Positiounspabeieren un, déi vun de verschiddene Parteiorganer eragereecht kënne ginn.
D’Persoune wielen: Et ass hien, deen iwwert déi wichteg personell Froen entscheed. Esou ginn um Nationalkongress ënner anerem de Parteipresident an de Generalsekretär an engem geheime Vote vun den Nationaldelegéiert gewielt.
D’Aarbecht bewäerten: Den Nationalkongress kritt d’Rapporte vun de verschiddene Parteiorganer virgeluecht. Virun allem lauschtert hien de Bilan vum Generalsekretariat an der CSV-Fraktioun. Awer och de Rapport iwwert d’Gestioun vun de Parteifinanze gëtt him presentéiert.
De Fonctionnement festleeën: Just um Nationalkongress kënnen d’Statute vun der Partei geännert ginn.
Iwwert d’Virschléi vum Nationalrot ofstëmmen: Den Nationalrot stëmmt no de Walen iwwert de Koalitiounsprogramm an d’CSV-Regierungsequipe of. Dës Entscheedung muss awer vum Nationalkongress guttgeheescht ginn.
Nationalkonvent
Fir besonnesch Entscheedungen, ewéi déi iwwert den nationale Spëtzekandidat oder iwwert d’Lëschte fir d’Chamberwahlen, kann d’Partei en Nationalkonvent aberuffen.
De Konvent setzt sech aus allen Delegéierten zesummen, esouwuel déi vum Bezierk, ewéi déi national. Dëst sinn ëm 1.800 Memberen.
Nationalrot
De Nationalrot ass e Kontroll- a Berodungsorgan vun der Partei a gëtt op mannst zwee Mol am Joer zesummegeruff. Hien ëmfaasst ëm déi 160 Parteimemberen. Sou begräift den CSV-Nationalrot den Nationalcomité, d’Bezierkscomitéen an d’Deputéiert vun der CSV. Am Nationalrot sinn awer och d’Ënnerorganisatioune vertrueden.
Wat sinn seng Aufgaben?
D’Aarbecht kontrolléieren: Den Nationalrot kontrolléiert, ob d’Parteistatuten, déi grouss programmatesch Grondlinnen an d’Entscheedunge vum Nationalkongress an der alldeeglecher Parteiaarbecht och respektéiert goufen. Dofir muss den Nationalcomité an d’Fraktioun de Nationalrot op mannst ee Mol am Joer iwwert hir Aarbechten informéieren.
Den Nationalcomité beroden: Den Nationalrot gëtt aberuff fir iwwer entscheedend Froen a konkret Projete vun der lëtzebuerger an europäescher Politik ze diskutéieren. Esou gëtt garantéiert, datt déi verschidde Parteiorganer och kuerzfristeg zu wichtegen a ganz konkrete Froen Stellung huele kënnen an hir Meenung an d’Positioun vum Nationalcomité afléisse kann.
Eng ganz wichteg Roll spillt de Nationalrot am Waljoer:
Virun de Walen: Den Nationalrot hëlt de Walprogramm fir déi national a fir d’Europawalen un.
No de Walen: Den Nationalrot entscheed, ob d’CSV a Koalitiounsverhandlungen trëtt oder net. Och bestëmmt en déi prinzipiell Orientéierunge vun de Verhandlungen an d’Zesummesetzung vun der Verhandlungsdelegatioun.
No de Koalitiounsverhandlungen: Den Nationalrot stëmmt iwwert de Koalitiounsprogramm an iwwert d’Zesummesetzung vun der CSV-Regierungsequipe of. Dës Entscheedung muss spéider awer nach vum Nationalkongress bestätegt ginn.
Den Nationalrot kënnt och an d’Spill, wann an der Legislaturperiod d’CSV-Regierungsekipp wiesselt, z.B. am Fall, wou en neie Minister muss bestëmmt ginn.
Nationalcomité
Den CSV-Nationalcomité ass d’Entscheedungsorgan vun der Partei am politeschen Alldag a kënnt op mannst all 6 Wochen ee Mol zesummen. Den CSV-Nationalcomité setzt sech aus de Presidente vun de Bezierkscomitéen a vun den Ënnerorganisatiounen, aus Vertrieder vun der CSV-Fraktioun an dem Europaparlament zesummen. Dobäi kommen aacht Nationaldelegéiert, déi um Kongress an den Nationalcomité gewielt goufen.
Am Moment besteet den CSV-Nationalcomité aus dëse Leit: