D’CSV-Kandidaten an d’CSV-Kandidatinnen, déi bei Gemengewalen d’Faarwe vun der CSV vertrieden, sinn alleguer Member vun de Chrëschtlech-Soziale Gemengeréit (CSG).
D’Haaptaufgabe vun der Ënnerorganisatioun konzentréieren sech op déi verschidde kommunalpolitesch an deemno och innepolitesch Dossieren a Froen. Et geet och drëm d’Aufgaben an d’Politicke vun de CSV-Gemengepolitiker an d’Aarbechten an de Gemengen ze koordinéieren. Dofir organiséiert de CSG-Nationalcomité, dee laut Statuten um Kongress gewielt gëtt, reegelméisseg Informatiounsowenter an aner Bildungsaktivitéiten, déi direkt an indirekt mat Gemengepolitik zesummen hänken.
De Kongress wielt de Präsident an de Nationalsekretär ewéi och déi eenzel Delegéiert aus de Bezierker. Den CSG-Kongress huet am Kader vun de Gemengewalen d’Aufgab e Rahmenprogramm ze erstellen, deen den eenzelne CSV-Sektioun soll eng Hëllef an Ënnerstëtzung si fir hire Programm opzestellen.
Dir wëllt méi Informatiounen? Mellt Iech ënner csg@csv.lu