Nom Fréijoers- a Summerprogramm fannt Dir op dëser Säit elo den Hierscht- a Wanterprogramm 2025 vun eiser CSV Akademie.
Eist Zil ass et, Iech d‘Méiglechkeet ze bidden, sech iwwer wichteg politesch Themen ze informéieren, weider ze bilden an nei Sujeten ze entdecken.
An eisem ELO! (ënne op dëser Säit) fannt Dir weider Informatiounen zu deene verschidde Formatiounen a Seminairen.
D’Umeldung fir eng oder méi Offere vun der CSV Akademie ass iwwert dëse méiglech;
>> CSV Akademie - Umeldung
Aus organisatoresche Grënn ass eng Umeldung bis zwee Deeg virun der Formatioun obligatoresch.
Fir de Rhetorikseminär leeft d'Umeldung bis de 14. November 12h. Hei gëtt et eng Kapazitéit vu 15 Leit an d'Participatiounskäschte leie bei 100€. Weider Informatioune kritt dir am CSV Generalsekretariat.
Wann dir Froen hutt oder Hëllef bei der Umeldung braucht, kënnt Dir iech och am CSV Generalsekretariat mellen.
Wann Dir en interessante Sujet fir d’CSV Akademie hutt, oder Dir selwer eng Formatioun wëllt halen, freeë mir eis iwwert all Input. Schéckt eis dofir wgl. e Mail op csv@csv.lu.