Member ginn

Mat der Ënnerstëtzung  vun 10.000 Memberen

Politesch Entscheedungen entsti net vum Selwen. Léisunge falen net vum Himmel. D’Politik gëtt vu Mënsche gemaach. D’Entscheedunge vu Mënsche geholl.

D’CSV – dat sinn iwwer 10.000 Leit, Männer a Fraen aus allen Alters- a Gesellschaftsschichten, Mënsche mat de verschiddenste Beruffer a vu ville Nationalitéiten, déi sech engagéiere wëllen. Et sinn 10.000 Leit, déi bereet sinn, hiert Wëssen, hir Kompetenzen an Iddien anzebréngen. 10.000 Leit, déi sech fir d’Gesellschaft an hir Matmënschen asetzen. Um lokalen, regionalen a nationale Plang. Awer och an Europa an doriwwer eraus.

Gëff elo Member!

Cotisatioun

D’Héicht vun der Joerescotisatioun gëtt vum CSV-Nationalkongress festgehal. Et gëllt d’Entscheedung vum Nationalkongressvum 26. Mäerz 2022.

Joeresbeitrag   20 €
Studenten oder CSJ-Member (bis 33 Joer)   15 €
Familljebäitrag (dräi a méi Memberen an engem Stot)   40 €
Gönnermitglieder   Minimum 250 €
Bedeit dass d'Feld obligatoresch ass

Perséinlech Informatiounen

Numm
Mindestalter vu 16 Joer.

Kontakt-Informatiounen

Adress

Dateschutz

Informatiounen zum Dateschutz

Dës Donnéeë gi fir intern Zwecker an der Partei, fir d‘Membergestioun, -informatioun a –betreiung elektronesch gespäichert, veraarbecht a genotzt. An deem Kader kritt Dir och eng individuell Membersnummer zougeuerdnet. Dir kritt a reegelméissegen Ofstänn vun der Partei Informatioune per Post an E-Mail. D‘Donneeë gi vum CSV-Generalsekretariat traitéiert. Och déi Responsabel (President, Sekretär, Tresorier, respektiv de Verantwortleche fir nei Memberen) vun den Ënnerorganisatiounen, wou Dir Member sidd, a vun der Lokalsektioun, wou Dir Member sidd, kréien Äre Parteibäitrëtt an Donnéeë matgedeelt a kënnen dës am Kader vun hire Mandater an hirer Parteiaarbecht notzen. Fir d’Exekutioun vu verschidde ganz präzise Missiounen am Kader vun der Aarbecht vum Generalsekretariat an ënnert der Konditioun, datt eng Confidentialitéitserklärung tëschent der Partei an dëse Sous-traitants besteet, kënnen Donnéeën un dës Drëtter (Sous-traitants) weidergi ginn. No Beendegung vun der Memberschaft ginn Är Memberdonnéeë geläscht. Dir hutt d’Recht gewuer ze ginn, wéi eng Donnéeën d’CSV vun Iech huet a firwat a kënnt d’Erlaabnis fir d’Notze vun Ären Donnéeën zu all Moment widderruffen. Esou stinn Iech d’Recht op Auskonft, Verbesseren, Läschen, Aschränkung, Dateportabilitéit, Widderruff a Widdersproch zou. Am Fall, wou Dir der Meenung sidd, datt beim Notze vun Ären Donnéeë géint Dateschutzrecht verstouss gëtt, kënnt Dir d‘CNPD (Commission nationale pour la protection des données) kontaktéieren. D’CSV-Generalsekretariat kënnt Dir erreechen ënnert: CSV-Generalsekretariat, 4, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg / B.P. 826 Luxembourg / Tel: 225731-1 / csv@csv.lu 

Eisen Dateschutzbeoptragten erreecht Dir ënner: dateschutz@csv.lu / 225731-37

Eisen Dateschutzbeoptragten erreecht Dir ënner: dateschutz@csv.lu / 22 57 31 - 20