D’CSJ regroupéiert déi Jonk aus der CSV. Mat 900 Memberen ass et déi gréisste Jugendpartei am Land. Déi Jonk schaffen autonom vun der Mammepartei a vertrieden hir eege Meenung no bannen, ewéi no baussen.
Firwat steet eng CSJ? Wat maache mir Jonker?
Fortschrëtt duerch Evolutioun!
Eise Slogan “Fortschrëtt duerch Evolutioun” soll virun allem eise Politikstil beschreiwen a kloer maachen, wat eis vun anere Jugendparteien ënnerscheed: datt mir keng Revolutioun maachen, kee renge Populismus bedreiwen, mä duerch fundéiert Positiounen eise Bäitrag zu der Gesellschaft wëlle bäidroen.
Nei Ideeë fir muer!
An der Chrëschtlech-Sozialer Jugend, der CSJ, kanns du mat anere Jonken Ideeën austauschen, zesumme Léisunge fannen a fir hir Ëmsetzung kämpfen. Nokucke geet eis net duer! Mir wëllen eis Zukunft selwer matbestëmmen. Dofir ass et eist Zil, fir eege Fuerderungen an Zukunftsvisioune mat an de politeschen Alldag afléissen ze loossen an esou d’Interessie vun deene Jonken ze vertrieden. Als Jugendorganisatioun hu mir d’Méiglechkeet Themen unzepaken, virun deenen d’CSV nach zéckt, déi awer muer scho Realitéit kënne ginn. Et ass dofir wichteg, datt Jonker reegelméisseg fir frësch Loft an eiser Partei suergen. Well nëmmen duerch eng staark CSJ bleift d’CSV eng dynamesch Vollekspartei, an der jiddwer Eenzelen zielt – och déi Jonk!