Generalsekretariat

D’Generalsekretariat koordinéiert d’Aarbecht vun de Parteistrukturen. D’Walcampagne, d’Organisatioun vum Nationalkongress, d’Publikatiounen, d’Betreiung vun de CSV-Memberen an hire Sektiounen, d’Preparatioun vu Pressecommuniquéen, d’Asetze vu Reflexiounskreesser an d’Organisatioun vu Bildungscoursen, Foren an Diskussiounsowenter sinn nëmmen a puer Beispiller vun den Aktivitéiten vum CSV-Generalsekretariat. 

Et schafft ënnert der Responsabilitéit vum Parteipresident Luc Frieden an de Generalsekretären Alex Donnersbach a Françoise Kemp. Si kréien an hirer Aarbecht vun de Vizepresidenten Martine Hansen, Christian Weis a Stéphanie Weydert, an dem Generaltresorier Thierry Schuman gehollef. 

Verantwortlech fir d’Aarbecht am Generalsekretariat ass de Coordinateur Général Basile Dell.

D'Ekipp vum Generalsekretariat setzt sech aus folgende Leit zesummen: