Fënnef ëffentlech Sëtzunge stinn an der Woch vum 30. November 2026 um Programm vun der Chamber. D'Deputéiert beschäftege sech ënner anerem mat neien Hëllefe fir Elektroautoen an Opluedstatiounen, steierleche Virdeeler fir Start-ups an der Situatioun um Wunnengsmaart. Och d'Kannerbetreiung, e méigleche véierte Prisong an den Antisemitismus sinn Thema.
Steierlech Virdeeler fir Mataarbechter vu Start-ups
Mat engem neie Gesetzesprojet soll et fir jonk, innovativ Betriber (Start-Up's) méi einfach ginn, qualifizéiert Mataarbechter unzezéien an ze halen. Dofir soll e spezielle Steierregimm fir sougenannte Stock-Options agefouert ginn.
Mataarbechter kënne sech doduerch ënner bestëmmte Konditiounen um Kapital vun hirem Betrib bedeelegen. D'Besteierung vum Gewënn soll eréischt dann ufalen, wann d'Aktie verkaf ginn, an dat zu engem reduzéierte Steiersaz. Esou mussen d'Mataarbechter keng Steiere bezuelen, éier si iwwerhaapt Sue mat hiren Aktie verdéngt hunn.
Méi Hëllefe fir Elektroautoen an Opluedstatiounen
Mat engem Gesetzesprojet sollen d'Hëllefe fir privat Opluedstatioune verlängert an ugepasst ginn. Dat betrëfft souwuel Eefamilljenhaiser wéi och Appartementshaiser, an deenen d'Installatioun vun Opluedstatiounen dacks méi komplizéiert ass.
Virgesi sinn Hëllefe vu bis zu 1.400 Euro pro Borne a bis zu 40.000 Euro fir eng gemeinsam Opluedinfrastruktur an enger Copropriété.
En zweete Projet gesäit d'Aféieren vum soziale Leasing fir Elektroautoen ab 2027 vir. Stéit, déi de Complément de vie chère kréien, sollen esou méi einfach un en Elektroauto kommen. Virgesi sinn Hëllefe vun 10.800 Euro fir en neien a 4.500 Euro fir e gebrauchten Elektroauto. Dës Hëllefe solle bei engem Leasing iwwer 36 Méint direkt vun de monatleche Raten ofgerechent ginn. Eng obligatoresch Ubezuelung ass net virgesinn.
Kannerbetreiung
An enger Orientéierungsdebatt beschäftegen sech d'Deputéiert mat engem méigleche finanziellen Ausgläich am Zesummenhang mat Crècheplazen. Am Mëttelpunkt steet d'Fro, wéi ënnerschiddlech Forme vun der Kannerbetreiung finanziell berécksiichtegt kënne ginn, och wann Elteren hir Kanner selwer betreien.
E véierte Prisong an de Kampf géint den Antisemitismus
An enger Aktualitéitsstonn diskutéiert d'Chamber iwwer e méigleche véierte Prisong zu Lëtzebuerg. Dobäi stellt sech ënner anerem d'Fro, wéi vill Plazen an Zukunft am Strofvollzuch gebraucht ginn a wéi d'Infrastrukturen de Besoinen ugepasst kënne ginn.
Eng weider Aktualitéitsstonn ass dem Antisemitismus gewidmet. D'Deputéiert diskutéieren iwwer de Kampf géint antisemitësch Diskriminéierung an iwwer de Schutz vun der jiddescher Gemeinschaft zu Lëtzebuerg.
Grouss Infrastrukturprojeten
Och déi grouss staatlech Infrastrukturprojeten sinn um Programm. Hei geet et ëm d'Planung, d'Finanzéierung an d'Ëmsetzung vun ëffentleche Bauprojeten an déi domat verbonne staatlech Investitiounen.
De komplette Programm vun der Chamberwoch vum 16. November 2026