Parlamentaresch Rentrée: Zesummen an dat neit Chamberjoer

Mat enger Fraktiounssëtzung, enger feierlecher Mass an engem gemeinsame Mëttegiessen huet d’CSV-Fraktioun en Dënschdeg, den 13. Oktober, déi parlamentaresch Rentrée ageleet. Beim Mëttegiessen waren och fréier CSV-Deputéiert a Ministeren dobäi. Am Mëttelpunkt stoung den direkten Austausch tëscht den aktuellen a fréiere Mandatairen iwwer déi aktuell politesch Erausfuerderungen. D’Rentrée war domat eng flott Geleeënheet, sech erëmzegesinn an Meenungen auszetauschen