D'Politik muss nees méi no bei d'Leit kommen. Dat huet de Chamberpresident Claude Wiseler e Samschdeg, den 10. Oktober, am RTL-Background betount. Am Gespréich mat der Journalistin Céline Eischen huet hien iwwer de Vertrauensverloscht an d'Politik, d'Schwachstelle vun eiser Demokratie an d'Roll vun de soziale Medie geschwat. Fir de Claude Wiseler steet fest: D'Demokratie muss elo besser geschützt ginn, net eréischt wann et ze spéit ass.
Wéi gutt ass eis Demokratie geschützt?
Wéi sécher ass eis Demokratie, wann enges Daags eng Partei un d'Muecht kënnt, déi se wëll ofschafen? Genee dat léisst d'Chamber den Ament ënnersichen. An engem sougenannte Stresstest gëtt gekuckt, wéi gutt eis demokratesch Institutioune géint Muechtmëssbrauch geschützt sinn.
Éischt Resultater weisen, datt et och zu Lëtzebuerg Schwachstelle gëtt. Esou sinn d'Rechter vun der Oppositioun am Chambersreglement festgehalen. Dat kann awer mat enger einfacher Majoritéit geännert ginn. Eng Partei, déi d'Oppositioun wéilt aschränken, kéint dat also relativ einfach maachen.
Och d'Finanzéierung vu Parteien, Medien an ONGe misst méi genee ënnersicht ginn. D'Onofhängegkeet vun der Justiz wier dogéint eng vun de Stäerkte vum Lëtzebuerger System.
Eng akut Gefor gesäit de Claude Wiseler net. Et wier awer wichteg, déi demokratesch Institutiounen elo besser ofzesécheren, an net eréischt, wann et ze spéit ass.
D'Leit mussen der Politik erëm vertraue kënnen
Fir de Chamberpresident läit eng grouss Verantwortung och bei de Politiker selwer. Vill Leit hätten d'Gefill, datt hir Suergen net eescht geholl ginn oder datt d'Politik net no genuch bei hinnen ass. Politiker missten no bei de Leit bleiwen, nolauschteren an éierlech soen, wat méiglech ass a wat net.
Och de respektvollen Ëmgang an der Politik wier entscheedend. De Claude Wiseler bedauert, datt politesch Debatten an anere Länner ëmmer méi aggressiv gefouert ginn. Zu Lëtzebuerg géif een nach respektvoll mateneen diskutéieren, och wann ee verschiddener Meenung ass. Déi Kultur misst erhale bleiwen.
Keng Brandmaueren, awer kloer Grenzen bei politesche Kompromësser
Op d'Debatt iwwer d'Brandmauer géint extremistesch Parteien ugeschwat, huet de Claude Wiseler erkläert, datt hien net vill vun deem Begrëff hält. Fir hie géif et virun allem ëm politesch Inhalter a Grondwäerter goen. Kompromësser maachen wier wichteg mee et géifen och Grenze ginn. Wann d'Positioune vun enger Partei den eegene Grondwäerter widderspriechen dann ass fir de Claude Wiseler eng Zesummenaarbecht ausgeschloss.
Beim Walrecht bleift hien bei senger Positioun vun 2015. A sengem eegene Numm huet hie sech dofir ausgeschwat, datt d'Walrecht fir d'Chamber weider un d'Lëtzebuerger Nationalitéit gebonne bleift. Engem Walrecht ab 16 steet hien och weider skeptesch géintiwwer. Et misst méi gemaach ginn, fir Jonker un d'Politik erunzeféieren.
Sozial Medien: Inhalt amplaz vu Show
Eng weider Erausfuerderung gesäit de Claude Wiseler an de soziale Medien. Besonnesch Jonker géifen hir Informatiounen ëmmer méi iwwer dës Plattforme kréien. Politiker kéinten et sech dofir net méi leeschten, do net present ze sinn.
De Problem wier awer, datt komplex politesch Themen dacks op e puer Sekonne reduzéiert ginn. Dat géif d'Polariséierung fërderen an et méi schwéier maachen, sachlech ze diskutéieren.
Hie selwer wëll sech awer net dem Drock vu Likes an Opruffzuelen ënnerwerfen:
„Ech sinn net d'accord, fir den Zirkus an d'Show matzemaachen, fir méi Liken ze kréien.“
Fir hie soll de politeschen Inhalt am Mëttelpunkt stoen, och wann dat bedeit, datt e Video méi laang dauert oder manner Leit erreecht.
Zum Schluss vum Gespréich huet de Chamberpresident nach eng Kéier un d'Verantwortung vu jidderengem appelléiert. Demokratie wier keng Selbstverständlechkeet. Wien d'Fräiheet an déi demokratesch Wäerter erhale wëll, misst och bereet sinn, sech dofir anzesetzen an se och ze verdeedegen.
De Replay vum Background vum 10.Oktober 2026:
https://www.rtl.lu/news/national/wei-stabil-sinn-eis-demokratien-121671…
https://play.rtl.lu/shows/lb/background/episodes/r/2750623