Kënschtlech Intelligenz (KI) ass scho laang an eisem Alldag ukomm. Si verännert, wéi mir schaffen, léieren, kommunizéieren an Entscheedungen treffen.
Mee wat ka KI wierklech? Wou steet Europa am internationale Verglach? Wéi eng Entscheedunge solle beim Mënsch bleiwen? A wéi ka Lëtzebuerg d’Chancë vun dëser Entwécklung notzen?
Als éischt Partei zu Lëtzebuerg wëlle mir eis explizitt zu dësen Zukunftsfroe positionéieren. Mat der Konferenzserie „Mënsch & KI – Wat kënnt op eis duer?“ wëlle mir d’Thema zesumme mat Experten, der Politik a mat iech beliichten a verständlech erklären.
Domat wëlle mir d’Grondlag schafen, fir eis Positioun d’nächst Joer op eise Bezierks- an Nationalkongresser ze definéieren.
Luc Frieden
Parteipresident
Laurent Zeimet
Fraktiounspresident
Alex Donnersbach
Generalsekretär