Sécherheet am ëffentlechen Transport: CSV am Austausch mat der SYPROLUX

D’Deputéiert Georges Mischo, Emile Eicher a Stéphanie Weydert haten den 20. Juli eng Entrevue mat de Vertriederinnen a Vertrieder vun der Gewerkschaft SYPROLUX. 

Am Mëttelpunkt vum Austausch stoungen d’Sécherheet am ëffentlechen Transport, d’Zounam vu Gewalt géint d’Personal an d’Méiglechkeete fir d’Sécherheet am Transportsecteur weider ze stäerken an zukünfteg Virfäll ze vermeiden.

Fir d’CSV bleift d’Sécherheet vum Personal an de Schutz vun de Reesenden eng zentral Prioritéit, fir en zouverléissegen a sécheren ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ze garantéieren.