| Vëlo via Norden (16/08) | Schueberfouer (28/08) | Summerakademie (4-5/09) |
16/08 - VËLO VIA NORDEN MAM MARTINE HANSEN
Heimat invitéiere mir iech häerzlech, e Sonnden, de 16. August, zesumme mam Martine Hansen um Vëlosummer - Vëlo via Norden matzefueren.
De Vëlosummer ass eng flott Geleeënheet d'Regioun mam Vëlo ze entdecken an zesummen ee sportleche Moment ze verbréngen an dobäi mat eiser Sportministesch an d'Gespréich ze kommen.
Den Treffpunkt ass zu Ëlwen op der Gare um 09h30 Auer, de Start ass fir 10 Auer virgesinn.
- Aus organisatoresche Grënn ass d'Umeldung obligatoresch bis de 09. August iwwert dëse Formulaire: Vëlosummer 2026
Mir fueren als Grupp an engem gemittlechen Tempo. D'Streck ass 36km laang a riicht sech un all déi, déi Freed um Vëlofueren hunn. Dofir zéckt net dëse Message weider ze ginn. Informatiounen zu der Streck fannt dir um Site vu Visit Luxembourg.
Denkt drunn, datt de Vëlo an engem gudden Zoustand soll sinn, ewéi och en Helm a genuch Waasser matzebréngen. Bei schlechtem Wierder informéiere mir déi ugemellte Leit am Virfeld.
Mir freeën eis op vill Participanten.
28/08 - SCHUEBERFOUER - SAVE THE DATE
Traditionell däerf am Summer och ee RDV op der Schueberfouer net feelen. Dofir invitéiere mir iech ganz häerzlech e Freiden, den 28. August géint 18h op de Glacis. Weider Detailer kommen no.
- Aus organisatoresche Grënn musst dir iech virum 21. August umellen. Den Owend selwer gëtt eng kleng Participatioun gefrot. Umeldung: Umeldung Schueberfouer Event
Kommt laanscht fir e flotten Owend, gutt Gespréicher an e gemittleche Moment zesummen op der Fouer.
4-5/09 - CSV SUMMERAKADEMIE ZU LËLTZ
D'CSV an d'CSV An der Chamber organiséieren de 4. an de 5. September eng Summer Akademie zu Lëltz.
Den éischten Dag ass dobäi exklusiv fir eis CSJ an hir Frënn reservéiert. Si kënnen sech iwwert dëse Link fir de ganze Weekend Programm umellen: Umeldung - CSV Summerakademie - Exklusiven CSJ Programm - 4.-5. September zu Lëlz. D'Deadline ass den 21. August.
Samschdes, ass jidderee wëllkomm. Dir hutt d'Geleeënheet iech bei themateschen Fokusgruppen anzebréngen, déi vun eisen Deputéierte geleet ginn. Do dernieft si mir besonnesch frou, datt d'CDU Politikerin & Influencerin Clara von Nathusius bei eis kënnt an hir Erfarungen am Beräich "Politesch Kommunikatioun" mat eis deelt (op Däitsch).
Wien net méi an der CSJ ass oder sech nëmme fir Samschdeg umelle wëll, kann dat iwwert dëse Formular maachen: Umeldung - CSV Summerakademie - Programm fir all Member - Samschdes, de 5. September zu Lëlz. D'Deadline ass den 28. August.