AUSBLÉCK OP D'CHAMBERWOCH VUM 6.JULI 2026

An der Chamber steet dës Woch eng gutt gefëllten Agenda um Programm. Am Mëttelpunkt stinn ënner anerem eng Froestonn un d’Regierung, en Debat iwwer d’Aarbechtszäit, eng Aktualitéitsstonn iwwer d’Hëtztwellen, de Vote iwwert de verstäerkte „Platzverweis“ an e puer wichteg Gesetzesprojeten am Kader vum Resilienzpak.

Dënschdeg, 7. Juli 
D’Deputéiert stellen der Regierung hir Froen. Donieft ginn d’Situatioun vu Fraen am Prisong, den Zougang vun de Journalisten zu ëffentlechen Dokumenter an en neie Kader fir privat Sécherheets- a Gardiennage-Aktivitéiten thematiséiert.

Mëttwoch, 8. Juli
Moies gëtt iwwer d’Organisatioun vun der Aarbechtszäit debattéiert. Nomëttes steet eng Aktualitéitsstonn iwwer d’Virbereedung vu Lëtzebuerg op Hëtztwellen um Programm. Ausserdeem gëtt iwwer de verstäerkte „Platzverweis“ ofgestëmmt, souwéi iwwer eng Moderniséierung vum Examen-Concours an der Fonction publique.

Donneschdeg, 9. Juli

D’Chamber beschäftegt sech mat engem neien informatesche System fir d’Steierverwaltung. Donieft ginn dräi Gesetzesprojeten aus dem Resilienzpak ofgestëmmt: Hëllefe fir den Transportsecteur, eng finanziell Kompensatioun beim Gas an eng Kompensatioun beim Heizungsmazout respektiv beim Agrardiesel fir Landwirtschaft, Wäibau, Gaardebau, Fëscherei a Bëschwirtschaft. Zum Schluss geet ëm d’Strategie fir Talenter op Lëtzebuerg unzezéien, ze halen an z’entwéckelen.