Lëtzebuerg wäert och an Zukunft seng humanitär Verantwortung am Kontext vun der Migratiouns- an Asylpolitik iwwerhuelen.
An deem Sënn huet d’Chamber dës Woch den europäesche Migratiouns- an Asylpakt ëmgesat.
Fir d’CSV ass dat e wichtege Schrëtt fir eng Migratiounspolitik mat Häerz a Verstand: mënschlech, kloer gereegelt a funktionell.
D’Prozedure solle méi séier a méi strukturéiert ginn, ouni datt fundamental Rechter a rechtsstaatlech Garantien a Fro gestallt ginn, esou d’Rapportrice vum Gesetzestext, d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert.
Ee Kärpunkt ass den neie Filtrage, bei deem Identitéit, Gesondheet, Sécherheetsaspekter a méiglech Vulnerabilitéite fréi gekläert ginn.
Donieft gëtt de Schutz vu Mineurs non accompagnés gestäerkt, ënnert anerem duerch méi kloer Garantien an eng Evaluatioun vum Wuel vum Kand.
Eng nei Asylprozedur un der Grenz soll verschidden Demanden a méi kuerzen Delaie behandelen. Och d’Retentioun gëtt méi streng encadréiert a soll ëmmer d’Ausnam bleiwen.
Fir d’CSV ass kloer: Solidaritéit brauch Reegelen, Konsequenz, a Schutz muss do ukommen, wou e gebraucht gëtt.
Mënschen, déi Schutz brauchen, sollen eng séier Äntwert an eng besser Integratiounsperspektiv kréien, esou och den zoustännege Minister Léon Gloden.
De System an d’Gesellschaft dierften awer och net iwwerfuerdert ginn. Leit ouni Perspektiv kréie keng falsch Hoffnung gemaach a kee Sand an d’Ae gestreet.
Europa brauch gemeinsam Léisungen, betount nach de Minister. Lëtzebuerg iwwerhëlt seng Verantwortung - solidaresch, mënschlech a mat engem klore rechtleche Kader.