Wéi eng Auswierkungen huet d’Fermeture vun de Filmland-Studios zu Kielen op de Filmstanduert Lëtzebuerg a wéi reagéiert d’Regierung dorop?

Octavie MODERT

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kulturminister weiderzeleeden. 

 

No der Ukënnegung, datt d’Filmland-Studios zu Kielen hir Aktivitéiten den 31. Juli astellen, steet d’Lëtzebuerger Filmbranche virun enger grousser Erausfuerderung. D’Studioe waren zanter 2013 als zentral Infrastrukture geduecht, fir Lëtzebuerg als attraktiven Dréistanduert fir national an international Produktiounen ze positionéieren. Si hunn e komplette Service ugebueden – vun Tournagen iwwer Postproduktioun bis hin zu Spezialeffekter – an hunn esou zum Opbau vun engem kompetitiven audiovisuelle Secteur bäigedroen.

Trotz artisteschen Erfolleger a renomméierte Kollaboratiounen ass d’Entreprise elo wéinst wirtschaftleche Schwieregkeeten, verstäerktem internationale Konkurrenzdrock a strukturelle Contrainten net méi viabel. Zousätzlech kënnt dës Entwécklung no der Faillite vu Paul Thiltges Distributions, wat d’Situatioun an der Branche weider verschäerft.

An deem Kontext wëll ech follgend Froen un den Här Kulturminister stellen:

  • Wéi bewäert d’Regierung den Impakt vun der Fermeture vun de Filmland-Studios zu Kielen op d’Attraktivitéit an d’Kompetitivitéit vum Filmstanduert Lëtzebuerg?

  • Gesäit d’Regierung d’Gefor, datt international Filmproduktiounen a Koproduktiounen an Zukunft manner heefeg op Lëtzebuerg kommen, wéinst dem Verloscht vun esou enger zentraler Infrastruktur?

  • Kann déi entstanen Infrastrukturlück kompenséiert ginn, a wa jo, wéi?

  • Ginn alternativ Studio-Infrastrukturen ënnerstëtzt oder nei Investitiounen an deem Beräich encouragéiert?

  • Wéi eng Konsequenzen huet dës Fermeture fir d’Beschäftegung am audiovisuelle Secteur, a wéi wëllt d’Regierung déi betraffe Mataarbechter ënnerstëtzen?

  • Hunn d’Filmstudioen an der Vergaangenheet Investitiounsbäihëllefen kritt, a wa jo, wéi vill?

     

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Octavie Modert,

Deputéiert