CSV AM DIALOG iwwer Landwirtschaft an de ländleche Raum

Den éischte vun am ganze 4 Owender, wou d'CSV-Fraktioun zu verschiddenen Themen am Dialog mat de Bierger ass, war ee ganz groussen Erfolleg. Iwwer 150 Leit waren an den Hotel Leweck komm, wou d'Norddeputéiert Jeff Boonen, Emile Eicher, Charel Weiler a Jean-Paul Schaaf, zesumme mat der Landwirtschaftsministerin Martine Hansen an den Invitéeën Joëlle Ferber, Marc Jacobs, Jean-Marie Neuberg a Paul "Bisi" Bisenius, iwwert d'Perspektive fir d'Landwirtschaft, d'Liewensmëttel-Produktioun am Land an d'Chancë fir Betriber am ländleche Raum diskutéiert hunn. Donieft goufen et vill interessant Froen aus dem Publikum.
Den nächsten CSV am Dialog ass zu Iechternach am Trifolion. D'Thema ass dann "Eng sécher Zukunft fir eist Land. Wéi schütze mir, wat eis wichteg ass ?"