Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro zu der Botzaktioun vun de Baachen un den Här Ëmweltminister weider ze leeden.
An de leschte Wochen ass am Kader vun enger Botzaktioun laanscht Baachen an der Uelzecht- an der Kor-Regioun eng grouss Quantitéit Offall gesammelt ginn. Laut de Resultater vun där Aktioun goufen op ronn 78 Kilometer Baachlaf ënner anerem ronn 2.500 Plastiksfläschen, 1.200 Glasfläschen an 1.900 Metallbéchsen agesammelt – am Duerchschnëtt also all 14 Meter eng Fläsch oder eng Béchs.
Dës Zuele weisen, datt Gedrénksverpackungen e wichtegen Deel vum Offall an der Natur ausmaachen.
Gläichzäiteg kënnt an der ëffentlecher Diskussioun ëmmer erëm d’Fro op, ob e Pfandsystem fir Plastiksfläschen a Béchsen och zu Lëtzebuerg eng effikass Moossnam kéint sinn, fir Offall an der Natur ze reduzéieren. An eisen Nopeschlänner, apaart an Däitschland, besteet schonn zanter Joren esou e System.
An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:
- Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Aféiere vun engem Pfandsystem fir Plastiksfläschen a Gedrénksbéchsen zu Lëtzebuerg eng sënnvoll Moossnam wier, fir Offall an der Natur ze reduzéieren an d’Recyclingsquote ze verbesseren?
- Ass op europäeschem Niveau eng harmoniséiert Léisung oder Koordinatioun am Beräich vun de Pfandsystemer geplangt, besonnesch am Kontext vum Bannemuart an dem grenziwwerschreidende Verkaf vu Gedrénksverpackungen?
- Falls en nationale Pfandsystem aktuell net envisagéiert gëtt: Wéi eng zousätzlech Moossnaame gedenkt d’Regierung ze huelen, fir der Verschmotzung duerch Plastiksfläschen a Béchsen an der Natur entgéintzewierken?
Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nathalie Morgenthaler
Deputéiert