Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
De Führerschäi vun der Kategorie F ass fir vill Jonker am ländleche Raum eng entscheedend Viraussetzung, fir kënnen aktiv op de Bauerenhäff mat ze schaffen an de Beruff vum Bauer ze liewen. Bis virun e puer Joer war et méiglech, de prakteschen Deel vum Examen dezentral op verschiddene Standuerter am Norden ze maachen, wéi zu Clierf, zu Réiden oder zu Wolz, wou den Examinator dann op d’Plaz komm ass. Dëst huet deene Jonken d'Méiglechkeet gebueden, hire prakteschen Examen an hirer Regioun an dacks net wäit vum eegenen Haff ze maachen.
Zanter der Zentraliséierung vum Service am Juli 2023 um Fridhaff gesäit d’Situatioun awer anescht aus. Dës Ëmstellung bréngt fir d’Kandidaten aus dem Norden däitlech Verännerunge mat sech: Si mussen elo mat hirem Trakter vum Haff aus bis op de Fridhaff fueren. Bei enger Maximalgeschwindegkeet vu just 25 km/h féiert dat dozou, datt dës lues Gefierer iwwer laang Strecken op wichtege Verkéiersachsen, wéi der sougenannter Dräibunn, ënnerwee sinn. Dëst provozéiert net nëmmen onnéideg Stauen a Verkéiersbehënnerungen, mee stellt och eng zousätzlech Belaaschtung fir déi Jonk duer.
An deem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an an ëffentlech Aarbechten stellen:
Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass eng dezentraliséiert Léisung géif verhënneren, datt schwéier a méi lues Maschinnen Haaptverkéiersachse blockéieren an esou de Verkéiersfloss géif verbessert ginn?
Kéint d’Madamm Ministesch sech virstellen, am Kader vun enger Flexibiliséierung vun der Organisatioun vum prakteschen Examen erëm temporär oder periodesch Examen op verschiddene regionale Standuerter unzebidden, besonnesch a landwirtschaftlech gepräägte Regiounen?
Här President, mir bieden Iech, onsen déifste Respekt unzehuelen.
Jeff Boonen
Deputéierten
Emile Eicher
Deputéierten