Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
Wéi rezent an der nationaler Press ze liese war ass aktuell d’Validitéit vun der “Carte de stationnement pour personnes handicapées” zu Lëtzebuerg op fënnef Joer limitéiert. No dëser Period mussen déi Betraffen oder hir Familljen d’Erneierung selwer beim Mobilitéitsministère z. B. iwwer MyGuichet.lu ufroen. Vill Leit, dorënner och Persoune mat engem liewenslänglechen Handicap oder Eltere vu betraffene Kanner mat enger liewenslänglecher Beanträchtegung, vergiessen dësen Datum dacks duerch en organsiatorsch duerchgetackenen Alldag. Dëst féiert dozou, datt si, ewéi et an der Press ze liese war, e Protokoll kréie well hir Kaart ofgelaf ass, obwuel déi medezinesch Situatioun sech net geännert huet.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an an ëffentlech Aarbechten stellen:
Wier d'Madamm Ministesch gewëllt, déi aktuell Dauer vu fënnef Joer vun der Parkkaart fir Leit mat engem medezinesch diagnostizéierten “handicap à vie” liewenslänglech ze verlängeren?
Wann net, wier d'Madamm Ministesch bereet vun den aktuell 5 Joer op 10 oder 15 Joer erop zegoen, fir sou den administrativen Opwand fir déi Betraffen oder d'Familljen ze reduzéieren?
Falls eng liewenslänglech Validitéit vun der Parkkaart net kéint ëmgesat ginn, wier d’Madamm Ministesch averstan fir en automateschen Informatiounssystem anzeféieren, deen déi concernéiert Persoune rechtzäiteg virum Oflaf vun hirer Kaart iwwer eng Notifikatioun informéiert an hinnen déi néideg Schrëtt fir d’Erneierung vum Titre erkläert?
Wat konkret bedeit esou eng Sanktioun betreffend ofgelafe Parkkaart, wéi an der Press ze liesen, fir déi betraffe Leit ?
Wat ass de Stand vun der Ëmsetzung vun der neier europäescher Direktiv 2024/2842 iwwer d’Carte européenne de stationnement pour personnes handicapées?
Ass geplangt, déi betraffe Leit iwwer déi nei europäesch Kaart ze informéieren, sief et duerch eng perséinlech Notifikatioun oder iwwer déi offiziell Kanäl vum Ministère?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Ricardo Marques
Deputéiert