Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.
Den 10. November 2025 huet de Conseil d’Administration vun der Spuerkeess am Kader vun engem méi breede strategeschen Transformatiounsprozess bis 2030 matgedeelt, datt d’Generaldirektesch „d’un commun accord” mam Verwaltungsrot decidéiert huet, virum Enn vun hirem Mandat zréckzetrieden. D'Generaldirektesch bléift awer am Amt bis ee Successeur fonnt gëtt. D’Prozedur fir d’Nominatioun vun engem Nofollger ass am Gesetz vun 1989 iwwert d’Spuerkeess virgesinn.
An deem Zesummenhang wéilt ech gäre follgend Froen un den Här Finanzminister stellen.
Wou ass de Prozedur fir Nominatioun fir eng nei Generaldirektioun drun ?
Wien leed a koordinéiert dëse Prozess? De Verwaltungsrot eleng oder an Zesummenaarbecht mat engem spezialiséierten externe Bureau ?
Ass am Kader vun dësem Transformatiounsprozess virgesinn, de Comité de direction z’erweideren? Wa jo, op wéi vill Memberen, a wéi solle Responsabilitéiten a Kompetenzen am Comité de direction verdeelt ginn? Wa nee, firwat net?
Wéini soll d’Nominatiounsprozedur ofgeschloss ginn a wéini ass mat enger offizieller Kommunikatioun ze rechnen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Diane Adehm
Deputéiert