Iran stuuft europäesch Arméien als terroristesch Organisatiounen an. Wat bedeit dat fir d'EU a fir Lëtzebuerg ?

Laurent MOSAR
Laurent ZEIMET

Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an d’Madamm Verdeedegungsministesch weider ze leeden.
No der Decisioun vun der Europäescher Unioun, d’Islamistesch Revolutiounsgardë vum Iran (IRGC) op d’EU-Lëscht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen, hunn iranesch Autoritéiten ëffentlech erkläert, als Géigemoossnam d’Sträitkräfte vun den EU-Memberstaaten als „terroristesch Organisatiounen“ anzestufen.
Dës Ukënnegung werft Froen op, souwuel wat hir vëlkerrechtlech Tragwäit ugeet, wéi och wat déi méiglech sécherheets- a diplomatesch Konsequenze fir d’Europäesch Unioun an hir Memberstaaten – dorënner och Lëtzebuerg – betrëfft.
An dësem Kontext géife mir gäre follgend Froen un d‘Ministere stellen:
Wéi bewäert d’lëtzebuergesch Regierung d’Aussoe vun den iraneschen Autoritéiten, no deenen d’Sträitkräfte vun den EU-Memberstaaten als terroristesch Organisatioune solle gëllen?
Mat wéi enge konkrete rechtlechen oder praktesche Konsequenze rechent d’Regierung, besonnesch fir d’Membere vun der lëtzebuergescher Arméi?
Gouf et op EU-Niveau schonn eng ofgestëmmt Reaktioun op dës Ukënnegung vum Iran, a wa jo, wéi eng Positioun hëlt Lëtzebuerg dobäi an?
Gesäit d’Regierung Risike fir d’Sécherheet oder d’Beweegungsfräiheet vu Memberen aus der EU oder der NATO, besonnesch am Kader vun internationale Missiounen oder diplomateschen Aktivitéiten an der Regioun?
Plangt d’Regierung Upassunge vun hirer diplomatescher oder sécherheetspolitescher Approche vis-à-vis vum Iran am Kontext vun dësen Entwécklungen?
Huet d’lëtzebuergesch Regierung vir, géint dës Ukënnegunge vun den iraneschen Autoritéite formell Protest anzeleeën, notamment duerch eng diplomatesch Demarche – bilateral oder am Kader vun enger ofgestëmmter Aktioun op EU-Niveau?

 

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.
                
Laurent Mosar                     Laurent Zeimet
Deputéierten                        Deputéierten