Wat gouf nom Rapport an de Recommandatioune vum Ombudsman ëmgesat, fir d'Situatioun vun de Fraen am Prisong ze verbesseren?

Stéphanie WEYDERT

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Justizministesch weider ze leeden.

Aus der zweeter Editioun vum Rapport vum Ombudsman iwwert d’Situatioun vun de Fraen am Prisong, deen dës Woch virgestallt gouf, geet ervir, datt de Fraen hir Situatioun nach ëmmer problematesch ass. De Rapport stellt fest, datt de Block F, dee fir Fraen geduecht ass, dringend misst renovéiert ginn, an datt méi Plaz fir d’Frae misst geschaf ginn, fir Eenzelzellen ze garantéieren a fir net sämtlech Profiller ze mëschen. Domat géifen déi nämmlecht Konditiounen ewéi bei de Männer geschaf ginn. Aus de 57 Recommandatiounen vum Ombudsman geet ausserdeem ervir, datt d’Atelieren, un deenen d’Fraen dierfen deelhuelen, net méi zäitgeméiss sinn an dass den Ëmgang vun de Frae bei Dokteschvisiten alles anescht ewéi ideal ass. De Rapport stellt ausserdeem fest, datt säit der éischter Editioun vun dësem Rapport vun 2018 nëmme ganz wéineg vun de Recommandatiounen vun deemools ëmgesat goufen.

De Prisong soll och op e Liewen duerno preparéieren. Am Rapport Ombudsman ass ze liesen datt et souwuel am Sport wéi an den Atelieren eng strikt Trennung vu Mann a Fra gëtt. Aktuell kenne Frae laut dem Rapport vum Ombudsman just stereotypesch Ateliere besiche wéi Bitzen, Strecken a Wäschen. Dat ass awer net méi ganz zäitgeméiss. Et wier ze begréisse wa souwuel Männer wéi och Fraen de Choix hätten ob se a gemixten Ateliere géinge schaffen an natierlech muss een och ëmmer Strofdot fir déi eng Persoun condamnéiert gouf am Aen halen.

De Rapport vum Ombudsman stellt och fest datt éischtens wéineg Fraen am Prisong sinn, an zweetens och all Fraen déi an Untersuchungshaft sinn exklusiv zu Schraasseg am Prisong sinn.

Dowéinst hunn ech follgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen :

  • Wat gedenkt d’Madame Ministesch ze ënnerhuelen, fir d’Situatioun vun de Fraen am Prisong ze verbesseren? Wat gouf zënter 2018 ëmgesat respektiv ausgeschafft?

  • ss ugeduecht, de Block F zu Schraasseg ze renovéieren an auszebauen? Wa jo, a wéi engem Zäitraum?

  • Gëtt et schonn ee Kalenner säitens dem Ministère, fir déi eenzel Recommandatiounen aus dem Rapport opzeschaffen an ëmzesetzen?

  • Wéi gesäit et allgemeng mat der Auslaaschtung vun de beruffsfërdnernden Atelieren zu Schraasseg aus (Schräinerei etc.)?  Wéi vill Leit ginn do ausgebilt an notzen hir Zäit am Prisong effektiv fir sech op e Liewen duerno ze preparéieren? Wat sinn d'Grënn firwat dës eventuell net sou genotzt gi wéi et méiglech ass?

  • Firwat gëtt et keng speziell Sektioun fir Fraen um Uerschterhaff?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert

Deputéiert