Verfollegt d’Regierung konkret Ziler oder eng Strategie, fir den Undeel vun ëffentleche Gebaier mat Photovoltaikanlagen an de kommende Joren ze erhéijen?

Ricardo MARQUES
Jeff BOONEN

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie an d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Am Kader vun den nationalen Ziler am Beräich vum Klima- an Ëmweltschutz, der Energietransitioun an der Reduktioun vun den CO₂-Emissioune spillt den Ausbau vun erneierbaren Energien eng zentral Roll. D’Photovoltaik stellt dobäi eng wichteg a bewäert Technologie duer, déi et erméiglecht, lokal an nohalteg Stroum ze produzéieren.

Ëffentlech Gebaier – egal ob et sech ëm staatlech, kommunal oder aner ëffentlech Infrastrukturen handelt – hunn an dësem Zesummenhang eng besonnesch Verantwortung an eng kloer Virbildfunktioun. Si kënnen net nëmme konkret zum Erreeche vun de Klimaziler bäidroen, mee och e staarkt Signal un d’Bevëlkerung a privat Acteure rausschécken, wat d’Notzung vun erneierbaren Energien ugeet.

An deem Kontext hu mir follgend Froen un d’ Ministeren:

  • Wéi vill ëffentlech Gebaier ginn et aktuell zu Lëtzebuerg déi a staatlecher Hand sinn? 

  • Wéi vill vun dësen ëffentleche Gebaier sinn aktuell mat enger Photovoltaikanlag equipéiert, a wéi engem prozentualen Undeel entsprécht dat vum Gesamtbestand?

  • Wéi vill Kilowatt Leeschtung ass installéiert a wéi vill Energie gouf d‘lescht Joer produzéiert?

  • Wien bedreift d’PV-Anlagen op ëffentleche Gebaier?

  • Wéi vill ëffentlech Gebaier hunn an de leschten zwee Joer eng nei Photovoltaikanlag kritt?

  • Verfollegt d’Regierung konkret Ziler oder eng Strategie, fir den Undeel vun ëffentleche Gebaier mat Photovoltaikanlagen an de kommende Joren ze erhéijen?
    Falls jo, wéi gesinn dës Ziler aus a bis wéini sollen si erreecht ginn?

  • Wat ass dat komplett Potenzial vu PV-Anlagen op ëffentleche Gebaier a staatlecher Hand, d.h. wéi vill Leeschtung kéint insgesamt produzéiert ginn?

  • Wéi eng Haaptproblemer oder Limitatioune gesäit d’Regierung aktuell beim weidere Ausbau vun der Photovoltaik op ëffentleche Gebaier (z. B. technesch, finanziell, administrativ oder denkmalschutzbedéngt Aschränkungen)?

  •  

Här President, mir bieden Iech, onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

                                                               

Ricardo Marques                                                                   Jeff Boonen 

Deputéiert                                                                              Deputéierten